Gijón
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Spuenien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||
|---|---|---|---|---|
| D'Gemeng vu Gijón | ||||
| Land | ||||
| Autonom Gemeinschaft : |
Asturien | |||
| Provënz : | Barcelona | |||
| Fläch : | 181,60 km² | |||
| Awunner : | 277.897 Aw. (INE 2007) | |||
| Koordinaten : | 43° 32’ 00’’ N 05° 42’ 00’’ W |
|||
| Lag vu Gijón an Asturien | ||||
| Lag a Spuenien : |
||||
| Uertschaften - Autonom Gemeinschaften - Provënzen | ||||
Gijón (Xixón) ass eng Hafen- an Industriestad an der spuenescher Regioun Asturien an zugläich d'wirtschaftlecht Zentrum vun dëser Regioun. Hei, um Golf vu Biscaya, befënnt sech ee vun de wichtegsten Häfe vun der spuenescher Nordküst. An der Stad mat 273.931 Awunner (Stand 2005) iwwerweit virun allem d'Schwéierindustrie mat Hüttewierker, Werften a Maschinnebau.
[änneren] Geographie
Gijón läit am Norde vu Spuenien an der Provënz Barcelona an zentral an der autonomer Gemeinschaft Asturien. Bis op Oviedo, der Haaptstad vun Asturien, sinn et 26 km a bis op Avilés 25 km.
[änneren] Kuckeswäertes
De Palacio de los Valdés, deen 1590 gebaut gouf, ass immens kuckeswäert. A senge Kellere goufen Iwwerreschter vu réimeschen Therme fonnt.
[änneren] Bekannte Jongen a Meedercher
- José Luis Rubiera, spuenesche Velosportler.
- Santiago Carrillo Solares, spuenesche Politiker a Generolsekretär vun der spuenescher kommunistescher Partei PCE vun 1960 bis 1982.
- Paco Ignacio Taibo II, spuenesche Krimi-Schrëftsteller.
- Luis Enrique Martínez García (Gijón, 1970), Foussballspiller bei Real Sporting, Real Madrid, FC Barcelona an der spuenescher Nationalequipe.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck

