Gilbert Trausch
| Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Gilbert Trausch, gebuer den 20. September 1931 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker.
De Gilbert Trausch kënnt aus engem kathoulesch biergerleche Milieu. Säi Papp war Ingenieur op der Hadir. Hie geet an de Jongelycée um Lampertsbierg wou hien ënner anerem vum Tony Bourg markéiert gëtt an 1950 seng Première mécht. Duerno studéiert hie Geschicht op der Sorbonne an zu Exeter.
1956 fänkt hien als Geschichts- a Franséischprofesser am Stater Jongelycée u mat schaffen. 1963 gëtt hie Membre correspondant an 1964 Membre effectif vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
Vun 1968 bis 1995 war hie Professer um Centre universitaire de Luxembourg, vun 1984 bis 1990 zousätzlech den Direkter dovunner. Virdrun, vun 1972 bis 1984 war en Direkter vun der Nationalbibliothéik.
Hie war och Professer op der Universitéit vu Léck. 1982 gëtt hien de Lëtzebuerger Vertrieder am Groupe de liaison des professeurs d'histoire contemporaine auprès de la Comission des Communautés Européennes. Och um Collège d'Europe zu Bruges huet hie Course ginn. Seng Spezialitéit ass d'modern an zäitgenëssesch Geschicht vu Lëtzebuerg, an d'Fonctionéiere vum Lëtzeberger Staat, senger Politik a senger Gesellschaft.
De Gilbert Trausch spillt 1989 eng wichteg Roll bei de Zelebratiounen zum 150. Anniversaire vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet. Hien dirigéiert d'Kommissioun, déi d'Commemoratiounen organiséiert. Bei der Séance académique vum 18. Abrëll 1989, ass de Gilbert Trausch deen eenzegen niewent dem Jacques Santer an dem Javier Perez de Cuellar deen d'Wuert ergreift.
D'Joër drop, 1990, gëtt hien Direkter vum Centre de Recherches européennes Robert Schuman an Conseiller de gouvernement.
2005 initiéiert de Gilbert Trausch en Appel fir beim Referendum iwwert d'Europäesch Constitutioun mat 'Jo' ze stemmen.
Hien huet eng Hellewull Artikele geschriwwen, a Geschichtszäitschrëften an och an der Wochen- oder Dagespress, ass Editeur/Direkter vun enger sëlleche Bicher, oder Auteur vum Préface vu geschichtleche Studien.
Säi Wierk [änneren]
Auswiel
Monographien
- Trausch, Gilbert. 1975. Le Luxembourg à l'époque contemporaine, du partage de 1839 à nos jours. Luxembourg: Editions Bourg-Bourger.
- Trausch, Gilbert. 1977. Le Luxembourg sous l'Ancien Regime. Luxembourg: Bourg-Bourger.
- Trausch, Gilbert. Joseph Bech, un homme dans son siècle : cinquante années d’histoire luxembourgeoise (1914-1964). Luxembourg, 1978.
- Trausch, Gilbert. 1992. Histoire du Luxembourg. Paris: Hatier.
- Trausch, Gilbert (ënnert der Leedung vum). 2003. Histoire du Luxembourg : le destin européen d'un petit pays. Toulouse: Privat.
Artikelen
- Trausch, Gilbert. “Du nouveau sur le ‘Kleppelkrich’ : Les soulèvements paysans de 1798 dans la région de Neufchâteau et leurs répercussions dans le Département des Forêts.” In Publications de la Section historique de l’Institut grand-ducal de Luxembourg, 63-135. LXXIX. Luxembourg, 1962.
- Trausch, Gilbert. 1974. “Contributions à l'histoire sociale de la question du Luxembourg. 1914-1922.” Hémecht (1): 5-118.
Kontributiounen a Sammelwierker
- Trausch, Gilbert. “La place de la Section historique de l’Institut grand-ducal dans la formation du Luxembourg.” Publications de la Section Historique de l’Institut Grand-Ducal de Luxembourg (CXII).
- Trausch, Gilbert. 2005. “La stratégie du faible : le Luxembourg pendant la Première Guerre mondiale (1914-1919).” In Le rôle de la place des petits pays en Europe au XXe siècle, Baden-Baden.
Als Editeur
- Tamse, Coenraad, and Gilbert Trausch, eds. 1991. Die Beziehungen zwischen den Niederlanden und Luxemburg im 19. und 20. Jahrhundert. Zoetermeer.
- Trausch, Gilbert, ed. 1994. La Ville de Luxembourg. Du château des comtes à la métropole européenne. Anvers: Fonds Mercator.
- Trausch, Gilbert, ed. 2008. CSV Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul.
Literatur [änneren]
- Fehlen, Fernand. 1995. “Aux sources du sentiment national. Avec Spizzo, au-delà de Trausch?” forum (163): 25.
- Kmec, Sonja, Michel Margue. 2007. “Les ‘lieux de mémoire’ ou Donner un sens à l’histoire.” In Lieux de mémoire au Luxembourg. Usages du passé et construction nationale, eds. Sonja Kmec et al. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul.
- Wehenkel, Henri. 1982. “Gilbert Trausch, historien du vingtième siècle.” Argumenter : Cahiers du Centre Jean Kill (2): 57-73.