Gilles Baum

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gilles Baum
Gebuer 16. Januar 1973
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Partei Demokratesch Partei

De Gilles Baum, gebuer de 16. Januar 1973 zu Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker (DP).

Hien huet vun 1992 bis 2013 zu Rued-Sir Schoul gehalen[2] an ass zanter 1999 am Gemengerot vun der Gemeng Jonglënster, wou e vun 2003 bis 2005 an duerno nees vun 2017 un Schäffe ass[2][3].

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 5. Dezember 2013 an d'Chamber nogerëtscht an d'Plaz vun der Maggy Nagel, déi Ministesch gouf.[4] Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt[5]. Bei deene vum 8. Oktober 2023 ass hien duer nees nogeréckelt.

Den 28. Juni 2014 gouf hien um DP-Nationalkongress zum neie Generalsekretär gewielt[6].

Nom Doud vum Eugène Berger huet de Gilles Baum den 23. Januar 2020 de Poste vum Fraktiounschef vun der DP an der Chamber iwwerholl[2].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op chd.lu.
  2. 2,0 2,1 2,2 Chamber: Baum und Knaff folgen auf Berger p wort.lu den 23. Januar 2020 an ënnert dem Titel Zwei folgen auf Berger an der Drockversioun vum Luxemburger Wort den 23. Januar 2020, S. 4
  3. Portrait am Journal vum 16. Mee 2009.
  4. Assermentation de 25 nouveaux députés." chd.lu, 5. Dezember 2013.
  5. elections.lu.
  6. "Gilles Baum neuer DP-Generalsekretär." dp.lu Aktuell, 28.06.2014.