Gilles Roth

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gilles Roth
Gebuer 1. Mäerz 1967
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Jurist, Affekot
Partei CSV

De Gilles Roth, gebuer den 1. Mäerz 1967 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist an CSV-Politiker.[1] Hien ass zanter dem 17. November 2023 Minister fir Finanzen an der Regierung Frieden-Bettel.[2]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Gilles Roth war vum 1. Januar 2000 bis November 2023 Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer.

Bis 2007 huet hien als Conseiller am Finanzministère geschafft.

De 24. Abrëll 2007 gouf hien Deputéierten an der Chamber. Hien hat do de François Maroldt ersat. Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009, deene vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018[3] an deene vum 8. Oktober 2023[4] gouf hien allkéiers erëmgewielt. Am November 2023 huet hien op säin Deputéiertemandat verzicht, fir Finanzminister an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn.

2013 war hie kuerz Fraktiounschef vun der CSV.[5]

De Gilles Roth ass bestuet, Papp vun engem Kand a wunnt zu Mamer.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vum Gilles Roth op der Websäit vun der Chamber
  2. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  3. elections.lu.
  4. (fr)Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  5. CSV-Fraktion: Gilles Roth: Neuer Steuermann." tageblatt.lu, 02. Mai 2013 14:55; Akt: 02.05.2013 16:29.
  6. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu (4. August 2023). Gekuckt de(n) 24. Februar 2024.