Gillingham FC

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vun Gillingham FC
Wope vun Gillingham FC

Gillingham FC (Spëtznumm The Gills) ass en englesche Foussballveräin zu Gillingham am Kent. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Football League Two, der véierthéchster Spillklass am englesche Liga System, dëst nodeem si um Enn vun der Saison 2007/08 aus der Football League One ofgestige sinn. De Veräi spillt seng Heemspiller am Priestfield Stadium.

De Veräi gouf 1893 gegrënnt. 1920 hu si fir d'éischt an der drëtter Divisioun vun der englescher Liga däerfe spillen, sinn awer 1938 erëm erausgefall. Eréischt 1950 hu si et erëm an déi professionell Lige gepackt, a waren do souguer vun 2000 bis 2005 an der zweethéchster Spillklass vertrueden. Um Enn vun der Saison 2002/03 ware si an der Division One, deemools der zweethéchster Spillklass am englesche Foussball, op der 11. Plaz, wat och bis ewell hir héchste Positioun am englesche Foussball war. 2000 ware si an der Véirelsfinall vum FA Cup, bis ewell hir bescht Leeschtung an där Kompetitioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]