Gilsdref

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gilsdref
An anere
Sproochen:
fr: Gilsdorf
de: Gilsdorf
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Dikrech
Gemeng: Coat of arms bettendorf luxbrg.png Bettenduerf
Buergermeeschter: Albert Back
Awunner Uertschaft: 883
(2005)
Fläch Uertschaft: 695,83 ha
Koordinaten: 49° 52' 1" N
06° 10' 52" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Gilsdref ass eng Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Bettenduerf.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Gilsdref läit am Dall vun der Sauer deen do haaptsächlech duerch Wisen a Felder markéiert gëtt. Aner Waasserleef um Territoire vun der Uertschaft sinn d'Stuermbaach eng Niewebaach vun der Tirelbaach déi eng ronn 250 m westlech vun der Gilsdrefer Bréck an d'Sauer leeft. D'Saasselbaach mécht op engem Stéck vu ronn 750 m d'Sektiounsgrenz mat Steeën

Op de Koppen am Süden a Südosten gëtt et e grousst Bësschmassiv de Bettenduerfer Gemengebësch wouvun d'Deeler Bichebësch an Eechelbësch op der Sektioun Gilsdref leien.

Déi déifst Plaz an der Uertschaft ass laanscht d'Sauer an der Härewis mat 185 m an déi héchst ass am Bichebësch mat 352 Meter.

Zur Sektioun gehéieren nach d'Lieu-diten Brouderbur, Moschbierg, souwéi de Clemenshaff an am Dall vun der Tirelbaach d'Tschiddeschmillen.

Fréier gouf et zu Gilsdref eng ronn 20 Steekaulen, vun deenen haut bal keng méi aktiv ass. De Gilsdrefer Sandsteen ass durch seng gutt Qualitéit bekannt, a gouf uechter d'Land, bei en etlech bekannte Bauwierker gebraucht, wéi z. B. bei der Neier Bréck, der Villa Louvigny, der Fassad vun der Husky zu Diddeleng, der Orangerie an dem Lycée zu Iechternach.

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gilsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien