Ginkgo

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ginkgo
Friichte vum Ginkgo biloba
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Ginkgoplanzen
Uerdnung Ginkgoales
Famill Ginkgoaceae
Gattung Ginkgo
Wëssenschaftlechen Numm
Ginkgo biloba
Linnaeus, 1771
E Ginkgo.
En zirka 180 Millioune Joer aalt fossilt Blat vun engem Ginkgo aus dem ënneschte Jura (Lias) vun Diddeleng (Kollektioun Naturmusée).
Ginkgo biloba

De Ginkgo (Ginkgo biloba) ass déi eenzeg lieweg Aart aus der Grupp vun de Ginkgoplanzen (Ginkgoales). All aner Vertrieder vun der Grupp sinn am Laf vun der Zäit ausgestuerwen.

D'Ginkgoe sinn zweehaiseg, d. h. déi männlech an déi weiblech Bléie sinn net op deemselwechte Bam. All eenzele Bam ass also e männlechen oder e weiblechen Individuum.

Et sinn nach eng Rëtsch fossil Aarte vu Ginkgoplanze bekannt. Déi Aart déi bis haut iwwerlieft huet gëtt als liewegt Fossil bezeechent, dat well si Aarten déi virun 300 Millioune Jore gelieft hunn, ganz änlech ass. De Ginkgo huet sech also am Laf vun de Millioune Joren nëmme ganz wéineg verännert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1691 huet den däitsche Botaniker an Dokter Engelbert Kaempfer de Ginkgo a Japan, op enger Expeditioun vun der Compagnie néerlandaise des Indes orientales entdeckt. Eréischt 1727 gouf dës Entdeckung publizéiert an doduerch an Europa bekannt. Dräi Joer drop huet d'Compagnie Ginkgo-Geséims an Europa importéiert an déi éischt Beem sinn zu Utrecht geplanzt ginn, wouvun deen eelsten am Joer 2011 nach lieft.[1]

D'Aart staamt awer net aus Japan, mä si gouf do am 12. Joerhonnert vu buddhistesche Mönchen aus China agefouert, wou se zanter 5 Joerdausenden als Heelplanz dokumentéiert ass. Als Urspronksgebitt vun der Aart gëllt Ost-China, wou vill Exemplairë virkommen, déi méi wéi 1.000 Joer al sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Martin, Philippe, 2011. Ginkgo biloba L., une longue histoire. Natura mosana 64/4: 102-112.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ginkgo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Martin 2011: 103 an der Literatur.