Ginkgo

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Ginkgobam)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ginkgo
Friichte vum Ginkgo biloba

Friichte vum Ginkgo biloba
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Iwwerofdeelung: Somplanzen
Ofdeelung: Ginkgoplanzen
Uerdnung: Ginkgoales
Famill: Ginkgoaceae
Gattung: Ginkgo
Aart: Ginkgo
Wëssenschaftlechen Numm
Ginkgo biloba
Linnaeus 1771
E Ginkgo.
En circa 180 Millioune Joer aalt fossilt Blat vun engem Ginkgo aus dem ënneschte Jura (Lias) vun Diddeleng (Kollektioun Naturmusée).

De Ginkgo (Ginkgo biloba) ass déi eenzeg lieweg Aart aus der Grupp vun de Ginkgoplanzen (Ginkgoales). All aner Vertrieder vun der Grupp sinn am Laf vun der Zäit ausgestuerwen.

D'Ginkgoe sinn zweehaiseg, d.h. déi männlech an déi weiblech Bléie sinn net op deemselwechte Baam. All eenzelne Bam ass also e männlechen oder e weiblechen Individuum.

Et sinn nach eng Rëtsch fossil Aarten vu Ginkgoplanze bekannt. Déi Aart déi bis haut iwwerlieft huet gëtt als liewegt Fossil bezeechent, dat well si Aarten déi virun 300 Millioune Joere gelieft hunn, ganz ähnlech ass. De Ginkgo huet sech also am Laf vun de Millioune Joren nëmme ganz wéineg verännert.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

1691 huet den däitsche Botaniker an Dokter Engelbert Kaempfer de Ginkgo a Japan, op enger Expeditioun vun der Compagnie néerlandaise des Indes orientales entdeckt. Réischt 1727 gouf dës Entdeckung publizéiert an doduerch an Europa bekannt. Dräi Joer drop huet d'Compagnie Ginkgo-Geséims an Europa importéiert an déi éischt Beem sinn zu Utrecht geplanzt ginn, wouvunner deen eelsten am Joer 2011 nach lieft.[1]

D'Aart staamt awer net aus Japan, mä si gouf do am 12. Joerhonnert vu buddhistesche Mönchen aus China agefouert, wou se zanter 5 Joerdausenden als Heelplanz dokumentéiert ass. Als Urspronksgebitt vun der Aart gëlt Ost-China, wou vill Exemplairë virkommen, déi méi ewéi 1.000 Joer al sinn.

[änneren] Literatur

  • Martin, Philippe, 2011. Ginkgo biloba L., une longue histoire. Natura mosana 64/4: 102-112.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Ginkgo – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. Cf. Martin 2011: 103 an der Literatur.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen