Giovanni Battista Hodierna
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Giovanni Battista Hodierna, gebuer den 13. Abrëll 1597 zu Ragusa a gestuerwen de 6. August 1660 zu Palma di Montechiaro war en italieneschen Astronom.
Schonns als jonke Mann huet hie Koméiten op Sizilien, a senger Gebuertsstad Ragusa, observéiert. Spéider gouf hie Paschtouer an huet Mathematik ënnerriicht. Niewelaanscht huet hien awer weider Himmelsobjeten observéiert.
Den Hodierna huet 1654 e Katalog De Amirandis Coeli Characteribus publizéiert, mat ronn 40 Texter vun Himmelskierper. Seng Observatioune waren dem breede Publikum net bekannt, sou datt déi laang Zäit net gesi goufen. Eréischt an den 1980er Jore goufe si erëmfonnt.
[änneren] Um Spaweck
- (en) Hodierna bei SEDS
- (it) Biographie