Giovanni Domenico Maraldi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Giovanni Domenico Maraldi, gebuer de 17. Abrëll 1709 zu Perinaldo an Italien, an do gestuerwen de 14. November 1788, war en italieneschen Astronom an den Neveu vum Jacopo Filippo Maraldi.
De Maraldi koum 1727 op Paräis a gouf 1731 Member vun der Académie des sciences. Hien huet zwéin „niwweleg Stären“ entdeckt, déi sech spéider als déi zwéi Stärekéip Messier 2 a Messier 15 erausgestallt hunn.