Giovanni Paolo Maggini

Vu Wikipedia
Giovanni Paolo Maggini
Gebuer 25. August 1580
Brescia
Gestuerwen 1632
Brescia
Doudesursaach Pescht

De Giovanni Paolo Maggini, gebuer de 25. August 1580 zu Botticini Sera bei Brescia an Italien, a gestuerwen no 1630, war en italieenesche Geiemécher.

Hie war Schüler vum Gasparo di Bertolotti da Salò a war dee wichtegste Vertrieder vun der Geiemécherschoul vu Brescia. Seng Geien hunn e waarmen, däischteren Toun.

Nom Maggini ass d'Geiemécherschoul vu Brescia verfall.