Giselbert vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Giselbert vu Lëtzebuerg
Titelen
Virgänger Heinrich II.
Nofollger Konrad I.
Biographie
Gebuer 1007
Gestuerwen 14. August 1059 jul.
Papp Friedrich vu Lëtzebuerg
Mamm Irmintrud vun der Wetterau
Geschwëster Heinrich II. vu Lëtzebuerg
Kanner Konrad I. vu Lëtzebuerg

De Giselbert vu Lëtzebuerg, gebuer 1007 um Schlass Salm[1] an der haiteger Uertschaft Vielsalm a gestuerwen de 14. August 1059, war nom Doud vu sengem Brudder dem Grof Heinrich II. a bis zu sengem eegenen Doud, Grof vu Lëtzebuerg.

De Giselbert war den zweete Bouf vum Grof Friedrich I. vum Muselgau a vun der Irmtrud vun der Wetterau, Duechter vum Heribert vun der Wetterau.

An den éischten Dokumenter déi iwwer de Giselbert fonnt goufen, gëtt hien och nach "Giselbert von Longich" (Lonkech) genannt. An deene Schrëfte gëtt haaptsächlech vum Grof Giselbert senge Raubzich géint d'Äerzstëft Tréier geschwat.

Ëm 1050 gëtt hie Vogt, vun der Abtei Iechternach, an am Summer 1056 gëtt e Vogt vun der Tréierer Abtei Sankt Maximäin genannt.

Am leschten Dokument, an deem de Giselbert ernimmt gëtt, ginn 1056 d'Rechter an d'Flichte vun de Vogte vum deemolege Keeser nei definéiert.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Giselbert hat 6 Kanner:

  • Konrad I., (1040 - 1086), Grof vu Lëtzebuerg,
  • Herrmann I., († 1088), Grof vu Salm a Géigekinnek vun Däitschland,
  • eng Duechter, bestuet mam Thierry vun Ammensleben,
  • eng Duechter, bestuet mam Kuno, Grof vun Oltingen,
  • Adalbero, († 1097 zu Antiocha), Doumhär zu Metz,
  • Jutta, bestuet mam Udo vu Limburg.

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Undenken un de Giselbert ass zu Hollerech (Stad Lëtzebuerg) eng Strooss no him benannt.

Virgänger:
Heinrich II.
Grof vu Lëtzebuerg
no 1047 - 1059
Nofollger:
Konrad I.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Net ze verwiessele mam Schlass Salm a Loutrengen dat méi spéit entstoung, awer der selwechter Famill gehéiert huet