Giuseppe Forti

Vu Wikipedia
Giuseppe Forti
Gebuer 21. Dezember 1939
Gestuerwen 2. Juli 2007
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun

Den Giuseppe Forti, gebuer den 21. Dezember 1939 a gestuerwen den 2. Juli 2007 war en italieeneschen Astronom an Asteroidenentdecker.

Säin Haaptaarbechtsgebitt war d'Himmelsmechanik. Hien huet nieft dem Andrea Boattini zu den Initiatore vum 1999 gegrënnten Aneopp-Projet (Arcetri NEO Precovery Program) gehéiert[1], dat am Observatoire vun Arcetri bei Florenz, intensivéiert gouf a war Mataarbechter vum CINEOS-Projet.[2] Hie war Member vun der Ënnerofdeelung III (Planetary Systems Sciences) vun der Internationaler Astronomescher Unioun[3] an huet do an de Kommissioune 15 (Physikalescht Studium vun de Koméiten an de klenge Planéiten), 20 (Positiounen a Beweegunge vu klenge Planéiten, Koméiten a Mounden) an 22 (Meteoren, Meteoritten an interplanetare Stëbs) matgeschafft.[4]

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid (6876) Beppeforti gouf no him genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) Den ANEOPP Projet
  2. Informazioni sullo staff del CINEOS ofgeruff den 13. Mäerz 2008
  3. (en) Planetary Systems Sciences
  4. Member vun der IAU: Giuseppe Forti ofgeruff den 13. Juni 2008