Glacëläffel

Vu Wikipedia
E Glacëläffel

E Glacëläffel ass e spezielle Läffel fir Glace a Bullen ze formen an ze zerwéieren.

Glacëläffele hu gewéinlech d'Form vun enger Hallefkugel a kënne verschidde Gréissten hunn, jee nodeem wéi déck d'Bull soll ginn.

Fir d'Bull aus der Form erauszekréien hu Glacëläffelen entweeder eng Zort Kraz laanscht de Bord, deen iwwer eng Pëtz um Still beweegt gëtt, oder soss e Mechanismus, deen déi zesummegeschäerte Glace vum Bord vum Läffel lassléist, oder awer, wat méi seelen ass, se kënnen iwwer eng Batterie am Still liicht gehëtzt ginn, sou datt d'Glace, déi a Kontakt mam Läffel ass, leefeg gëtt an d'Bull op déi Manéier liicht aus der Läffelform erauskënnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Glacëläffel – Biller, Videoen oder Audiodateien