Glacis (Festung)
Als Glacis bezeechent een am neizäitleche Festungsbau Buedemoppschëddunge virun dem Festungsgruef, déi dee fir de Feind méi déif maachen. De Glacis war am Idealfall onbebaut an net mat Beem bewueess, fir géignereschen Truppe jiddwer Méiglechkeet zur Deckung ze huelen. Dacks goufen dozou nach um Glacis Planze mat déiwe Wuerzele geplanzt, fir d'Gruewe vun Approchë méi schwéier ze maachen.
Am Géigesaz zu provisoreschen, befestegte Lageren, déngt e Glacis bei enger richteger Festung och als Broschtwier, déi e Gedeckte Wee viru Schëss schützt an eng Verdeedegung vum Gruef erméiglecht.
E Glacis ass esou gebaut, datt keen doudege Wénkel enstoe kann: e verhënnert zesumme mat der fënnefeckeger Form vun de Bastiounen an dem regelméissege villeckege Grondrëss vun de Festungsmaueren, datt eng Fläch entsteet, déi d'Geschëtzer vun der Festung soss net erreeche kéinten.
Am Laf vun der Zäit gouf de Glacis ëmmer méi héich opgeschott, fir géignereschen Truppen d'Eruschaffen un d'Befestegungsanlagen z'erschwéieren.
Haut deiten a ville Stied Stroossennimm, an deenen d'Wuert Glacis virkënnt, op déi fréier Presenz vu Befestegungsanlagen hin.
Kuckt och [änneren]
Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Enveloppe - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell
Festung Lëtzebuerg: Festung Lëtzebuerg mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen
Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse
Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont
Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen
Festungen an Norwegen: Festung Akershus
Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém
Festungen an den USA: Alcatraz
- Glacis fir aner Bedeitunge vum Wuert