Glenelg (Mars)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Glenelg ass eng Buedemformatioun um Planéit Mars. Si ass am Marskrater Gale ongeféier 400 m südëstlech vun der Landeplaz vun der Raumsond Curiosity. Bei der Buedemformatioun handelt et sech ëm eng Plaz, op där dräi verschidde geologesch Formatiounen zesummestoussen. Verschidde Fielsdeeler leien do iwwereneen. Glenelg gehéiert zu den éischten Ziler, déi de Marsroboter ënnersiche soll.

Am Glenelg soll fir déi éischt Kéier de Buerer vum Rover zum Asaz kommen. Um Wee op déi Plaz, fir dee bis zu sechs Woche gerechent gëtt, solle Buedem- a Gestengsprouwen vun der Uewerfläch vum Planéit gesammelt ginn. Plangméisseg soll de Wee vum Glenelg aus dann no engem Mount op e 5 km héije Bierg weidergoen.[1]

Biller [änneren]

D'Siicht vum Curiosity op d'Areal vum Glenelg - 19. September 2012).
Eng Foto um Wee zum "Glenelg". Dëst 360-Grad-Panorama vum NASA Mars-Rover Curiosity weist e fielsegt Gelänn. D'Basis vum Mount Sharp gesäit een um ierweschte lénke Rand. Déi sandeg Géigend op der rietser Säit ass eng Regioun mam Numm "Rocknest". Dëst Bild gouf vun der Rover-Navigatioun Kamera opgeholl.
Bléck vum " Rocknest " a Richtung "Point Lake" um Wee zum Glenelg Beräich (26. November 2012).
Bléck op d'" Shaler " Fielsnues (vir) an der Géigend vum Glenelg Beräich (7. Dezember 2012) (3-D).

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen [änneren]