Gliese 229

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gliese 229B (an der Bildmëtt, all Kéier), lénks: Entdeckung um Palomar Observatoire, riets: Hubble Weltraumteleskop (NASA)

De Gliese 229 (GL229) ass e Stär am Stärebild Lepus. Et handelt sech dobäi ëm en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 18,8 Liichtjoer.

Beim GL229A handelt et sech ëm e Rouden Zwerg vum Spektraltyp M1, bei GL229B ëm ee brongen Zwerg vum T6-Typ mat der 20 bis 50-facher Jupitermass an enger Uewerflächentemperatur vu ronn 950 K. D'Distanz tëschent deenen zwou Komponenten ass mindestens 6,5 Millioune Kilometer. D'Bunndaten kënnen awer eréischt tëschent de Joren 2010 an 2015 ausgerechent ginn, fir eng genee Bunnanalys duerchzeféieren an domat d'Mass an Distanz genee ze bestëmmen.

Beim GL229B handelt et sech ëm den éischten zwäifelsfräi nogewisene brongen Zwerg (1995).

Gréissten- an Temperaturvergläich tëschent der Sonn, Gliese 229 A + B, Teide 1 a Jupiter

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie