Gliese 436 b

Vu Wikipedia
Exoplanéit Gliese 436 b
Kënschtleresch Duerstellung vum Gliese 436 b a sengem Stär
Stärebild: Leo (Leo)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 11h 42m 11.1s
Deklinatioun + 26° 42' 24"
Visuell Magnitude
Orbitdaten
Zentralstär Gliese 436
Grouss Hallefachs 0,03 AE
Exzentrizitéit 0,150 ± 0,012
Ëmlafdauer 2d 15h 27m
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser zirka 54.000
Mass: (0.41 ± 0.05) M
(22,2 ± 1,0) M
Distanz a Liichtjoer (10,23 ± 0,24)
Geschicht
Entdecker Geoffrey Marcy an R. Paul Butler
Entdeckungsjoer 2004

De Gliese 436 b (och GJ 436 b) ass en Exoplanéit, deen de Rouden Zwerg Gliese 436 ëmkreest. Hien ass ee vun de klengste bekannten Exoplanéiten an ee sougenannten „Hot Neptune“. De Planéit ëmkreest säin Zentralstär op enger Distanz vun nëmmen 0,03 AE (ronn 4,3 Mio. km) all 2 Deeg, 15 Stonnen a 27 Minutten op enger Bunn mat enger Exzentrizitéit vun 0,15. Seng Mass huet ongeféir 0,072 Jupitermassen. Mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop konnt den Duerchmiesser vu Gliese 436 b bei engem Transit vum Planéit relativ genee op 54.000 km bestëmmt ginn (eppes méi wéi deejeenege vum Neptun). Den Opbau vum Exoplanéit huet änlech Daten wéi de Planéit Neptun.

De Gliese 436 b gouf vum Geoffrey Marcy an dem R. Paul Butler am Joer 2004 duerch Miessung vun der Radialvitess vum Stär entdeckt.

Verglach vun de Gréissten tëscht der Äerd an dem Gliese 436 b

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gliese 436 b – Biller, Videoen oder Audiodateien