Gliese 581 b

Vu Wikipedia
Habitabel Zon fir Planéiten aus eisem Sonnesystem am Verglach mam Gliese 581; Update 2010 mat der Entdeckung vun f a g

De Gliese 581 b ass en Exoplanéit. Hie kreest ëm de Rouden Zwerg Gliese 581.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit gouf vun engem Team aus franséischen a Schwäizer Astronomen entdeckt. Hir Entdeckung hu si den 30. November 2005 gemellt. Et ass de fënnefte Planéit, deen ëm e Rouden Zwerg entdeckt gouf. De Planéit gouf mat Hëllef vum HARPS-Instrument entdeckt.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Gliese 581 b huet ongeféier d'Mass vum Planéit Neptun oder ongeféier dat 0,05-facht vum Jupiter- an dat 16-facht vun der Äerdmass. Doraus ergëtt sech eng Fallaccelleratioun vun 22,07 m/s². De Planéit kreest ëm säi Stär op enger Distanz vu ronn 0,04 AE an huet e Radius vun ongeféier 17.000 Kilometer.[1] No Schätzungen ass um Planéit eng Temperatur vun 187 °C.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) Gl 581 b – Artikel bei Extra-solar Planets Catalog