Globaliséierung
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Wuert Globaliséierung entsprécht dem eegenen franséischen Ausdrock Mondialisation a gouf eréischt zënter de nonzeger Joren zu engem Begrëff. Dorënner versteet een déi international Verflechtung a ville Beräicher, haaptsächlech (mee net nëmmen) an der Wirtschaftspolitik, der Léier iwwer d'Gesellschaft (Sociologie), der Komunikatiounstechnik an a Verbindung mat der Ëmweltproblematik. Mat där internationaler Verflechtung vun de Problemen, déi ëmmer méi grouss gëtt, stelle sech der Wësseschaft nei Ufuerderunge bei ville Problemer, déi net méi eleng op lokalem oder nationalem Niveau gesinn oder geléist kënne ginn.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Begrëff a Bedeitungen
De Begrëff Globaliséierung gouf fir t'éischt an den Sozialwëssenschaften gebraucht an ass 1961 ënnert der englescher Bezeechnung Globalization eng éischte Kéier an engem engleschsproochegen Lexikon kommentéiert gin.
Wat d' Wirtschaftspolitik betrëfft, do huet den Theodore Levitt (1925-2006), een däitschen Emigrant a fréiere Professor un der Harvard Business School 1983 mat sengem Artikel "The Globalization of Markets" an der [[Harvard Business Review de Begrëff vun der Globaliséierung ëmrass. Dëse wirtschaftspolitesche Begrëff ass du vun 1990 un an d'öffentlech Debatt gehäit ginn.
Den Ausdrock Mondialisierung, dee vum franséischen Ausdrock mondialisation ofgeleet ass, huet eng ähnlech wann och keng identesch Bedeitung. Hie leet méi d'Schwéiergewiicht op d'Entnationliséirung vun de verschiddenen Phänomenen an op den Zoustännegkeetsverloscht vun de Nationalstaaten.
[änneren] Globaliséierung vun der Wirtschaft
[änneren] D'Ursaachen
Besonnesch an der Wirtschaft fënnt haut e Globaliséierungsprozess statt, dee sech zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich staark acceleréiert huet. Dat huet verschidden Ursachen:
- Bei den Entreprise mécht sech d'Noutwendegkeet bemierkbar, fir hir Produktiounen auszebauen an doduerch Käschten ze spueren (engl: large scale economies)
- D'Wirtschaftsraim hunn hiren nationale Charakter verluer an hu sech iwwert d'Grenze vun de Nationalstaten ausgebreet.
- An Europa zum Beispill ass e grousse Maart ënner der Form vun der Europäescher Unioun entstanen, deen op Prinzipien opgebaut ass, déi de Globaliséierungstrend onweigerlech verstäerken:
- Fräie Persouneverkéier
- Fräie Wuerenaustausch
- Fräie Verkéier vun den Dengschtleeschtungen
- Harmonisatioun vun de Wettbewerbsbedingungen an Ofschafe vun allen Diskriminatiounen, an domat Verschäerfung vun der internationaler Konkurrenz
- Liberalisatioun vun de Kapitalmouvementer
[änneren] D'Konsequenzen
- Verlagerung vun der Produktioun vu groussen Entreprisen a multinational Gesellschaften no Länner mat méi déiwe Käschten a besonnesch no Länner mat niddrege Léin
- Den Undeel vu de Beneficer aus dem internationalen Geschäft an och d'Profiter, absolut gesi, hunn Tendez ze klammen, während an den traditionellen Industrielänner mat héige Léin een Drock op d'Salairen sech bemierkbar mecht.
[änneren] Literatur
- Ulrich Beck: Was ist Globalisierung? ISBN 3-51840-944-1
- Jagdish Bhagwati: In Defense of Globalization. Oxford University Press, Oxford 2004, ISBN 0195170253
- Jacques Brasseul: Un monde meilleur? : Pour une nouvelle approche de la mondialisation. Armand Colin, Paris 2005, ISBN 2200265751
- Daniel Cohen: La mondialisation et ses ennemis. Grasset, Paris 2004
- Claus-Heinrich Daub: Globale Wirtschaft - globale Verantwortung. Basel 2005, ISBN 3-906129-23-3
- Fair Future - Ein Report des Wuppertal Instituts. Begrenzte Ressourcen und globale Gerechtigkeit. Verlag C. H. Beck, München 2005,
- Jacques Fontanel: La globalisation en "analyse" - Géoéconomie et stratégie des acteurs. L'Harmattan, 2005, ISBN 3-406-52788-4
- Thomas L. Friedman: Globalisierung verstehen. Zwischen Marktplatz und Weltmarkt. ISBN 3612267957
(Gët fortgesat)