Glorie

Vu Wikipedia
Glorie ëm de Schiet vun engem Mann
Glorie ëm de Schiet vum Kuerf vun engem Waarmloftballon
Glorie mat Fligerschiet

Eng Glorie (vu Gloriëschäin) ass e Liichtevenement dat duerch Réckstreeung vu Liicht a rengverdeelte kugelfërmegen Drëpsen entsteet, wéi beim Niwwel a Wolleken oder an Damp. Dobäi ëmgëtt eng ronn, hell Fläch de Schiet vum Observateur. De Kapp vum Observateur ass an der Mëtt vun der heller Fläch. Doduerch ergëtt sech en Androck, deen deem vun Hellegen op Ikone gläicht. Déi hell Fläch ass duerch e faarwege Liichtkranz vun der Ëmgéigend ofgesat.

Am Géigesaz zu engem Halo si bei enger Glorie keng fest Äiskristallen, mä flësseg Drëpse bedeelegt.

Glorië kënne bei Niwwel Sonn observéiert ginn wann d'Sonn déif steet. Bei dënnem Niwwel gi si dacks vun engem Brockegespenst begleet. De Schied vun engem Fliger, deen eng niddreg Wollekeschicht duerchbrécht, ass och dacks vun enger Glorie ëmginn.

En änlecht Liichtevenement ass den Helljeschäin, deem seng Ursaach Dadrëpse sinn, déi op Planze sëtzen. Anescht wéi bei der Glorie ass ëm den Helljeschäi keng faarweg Sträif.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Glorie – Biller, Videoen oder Audiodateien