Glossaire vun der Franséischer Revolutioun

Vu Wikipedia
Eugène Delacroix, La liberté guidant le peuple, 1833

Dëse Glossaire vun der Franséischer Revolutioun versicht, de gängege Vokabulär zu dëser Period an der Geschicht vu Frankräich kuerz z'erklären. Dës Terminologie ass awer variabel, sou kann zum Beispill déi selwecht politesch Fraktioun vu verschidden Historiker anescht genannt ginn, oder huet sech och selwer am Laf vun der Geschicht ëmbenannt.

Déi dräi Stänn[änneren | Quelltext änneren]

Déi dräi Stänn (fr: trois états, trois ordres) bilden zesummen d'Gesellschaft vu Frankräich am Ancien Régime. Nëmmen déi zwee éischt Stänn hate speziell Privileegien.

  • de Klerus, éischte Stand, mam Héije Klerus (Bescheef an Äpt) an Niddrege Klerus (Paschtéier a Mënchen). Si sinn déi, déi bieden.
  • den Adel, zweete Stand. Zum Adel zielt och d'kinneklech Famill. Graff gekuckt gëtt et zwou Forme vun Adel, de Schwertadel, deem seng Originne bis an d'Mëttelalter zeréckginn, an d'sougenannten Noblesse de Robe, wat déi Leit sinn, déi duerch eng bestëmmte Charge (zum Beispill Magistrat oder Kinneklechen Offizéier) zu engem Adelstitel komm sinn.
  • den Drëtte Stand (Tiers état) ass de ganze Recht vun der Bevëlkerung, déi, déi schaffen. Zum Drëtte Stand zielt och d'Biergertum an déi ganz Landbevëlkerung. Zueleméisseg ass den Drëtte Stand am meeschte vertrueden.

Sozial Gruppen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ci-devant: fréier Adleger no der Ofschafung vun de Privileegien.
  • d'Sans-culottes sinn eng radikal revolutionnär Grupp, si komme gréisstendeels aus dem Vollek. Hiren Numm kruten se vum Gezei, eng Box an de Faarwe Blo-Wäiss-Rout, amplaz vun der soss gewinnter Culotte.

Constitutiounen[änneren | Quelltext änneren]

Strukture vum Gouvernement[änneren | Quelltext änneren]

Politesch Gruppen[änneren | Quelltext änneren]

Royalisten[änneren | Quelltext änneren]

  • Monarchisten oder Royalisten - Unhänger vun der Monarchie vun de Bourbonen, ënner der absolutter oder konstitutioneller Form. Si hunn de Club des Monarchiens gegrënnt an un hirer Spëtzt stoung de Lally-Tollendal.
  • Chouans - eng Grupp vun aktive Géige-Revolutionnären an de Regioune vum Westen an der Vendée.
  • Emigranten - Membere vum Adel déi Frankräich verlooss hunn, gréisstendeels an England, fir virun der Revolutioun fortzelafen.
  • Réfractairen - Geeschtlecher, déi refuséiert hunn, en Eed op d'Republik ze schwiren.

Republikaner[änneren | Quelltext änneren]

  • Republikaner - Unhänger vun engem System ouni Kinnek.
  • Jakobiner - am enke Sënn d'Membere vum Club des Jacobins, méi wäit gekuckt all Revolutionnär dee fir d'Zentralisatioun war.
  • Cordeliers - Membere vum Club des Cordeliers deen zu Paräis am Abrëll 1790. Lénksradikaler.
  • Girondins - Grupp vum zwielef republikaneschen Deputéierten.
  • Montagnards - Dacks Memberen (oder Ex-Memberen) vun de Jakobiner, sinn d'Montagnards radikal Republikaner déi wärend der Terreur un der Muecht waren. Hire Modell war de Robespierre.
  • Thermidoriens - méi moderéiert Republikaner, déi un d'Muecht komm sinn, nodeem de Robespierre gestierzt gi war.

Aner politesch Gruppen[änneren | Quelltext änneren]

Steiere vum Ancien Régime[änneren | Quelltext änneren]

  • Corvée: Direkt Steier an Natur. D'Corvée royale war eng Obligatioun un d'Vollek fir eng gewëssen Zuel vun Deeg um Ënnerhalt vun de Stroossen ze schaffen.
  • Taille: Direkt Steier op d'Persounen an de Besëtz.
  • Gabelle: Indirekt Steier op d'Salz.
  • Aides: Indirekt Steieren op d'Zirkulatioun vu Saachen, déi konsuméiert ginn.

Republikanesche Kalenner[änneren | Quelltext änneren]

Am republikanesche Kalenner huet d'Joer I vun der Republik den 22. September 1792 ugefaangen. Verschidden Evenementer ginn nach haut traditionell mat hirem Datum aus dem republikanesche Kalenner genannt:

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Republikanesche Kalenner.

Kricher[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Koalitiounskricher.

Symboler[änneren | Quelltext änneren]

Cocarden[änneren | Quelltext änneren]

  • Cocarden: Rosetten oder Bännercher déi meeschtens um Hutt gedroe goufen.
  • Schwaarz Cocarde - Cocarde vum Adel dee géint d'Revolutioun war.
  • Gréng Cocarde - Symbol vum Ufank vun der Revolutioun, ir den Tricolore adoptéiert gouf.
  • Dräifaarweg Cocarde - Symbol vun der Revolutioun (kuerz nom Stuerm op d'Bastille) a spéider vun der Éischter Republik. Um Ufank eng Combinaisoun vu blo a rout - d'Faarwe vu Paräis - an dem wäiss fir d'Monarchie.
  • Wäiss Cocarde - Symbol vun de Royalisten.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Zivilverfaassung vum Klerus - 1790, de Besëtz vun der Kierch gouf konfiskéiert an d'Membere vum kathoulesche Klerus goufen zu Staatsbeamten.
  • Kult vun der Vernonft a vum Héije Wiesen - Offiziell Relioun um Héichpunkt vum radikale Jakobinismus an de Joren II an III (1793 - 1794).
  • « Jureur », « prêtre constitutionnel » - e Member vum Klerus deen en Eed op d'Zivilverfaassung vum Klerus geschwur huet.
  • « Non-jureur », « prêtre réfractaire », « insermenté » - e Member vum Klerus dee refuséiert huet, en Eed op d'Republik ze schwiren.