Gocta-Waasserfall

Vu Wikipedia
Gocta-Waasserfall

De Gocta-Waasserfall an der peruanescher Provënz Chachapoyas ass mat enger Fallhéicht vu 770 Meter ee vun den héchste Waasserfäll iwwerhaapt.

En ass eng 700 Kilometer am Nordoste vun der Haaptstad Lima ze fannen, an ass genannt no den Awunner vun där Reebësch-Amazonasregioun.

Bei enger drëtter Expeditioun am Mäerz 2006 huet eng däitsch-peruanescher Grupp, déi vun engem däitschen Entwécklungsassistent, dem 32 Joer ale Stefan Ziemendorff geleet gouf, et fäerdeg bruecht, de Waasserfall fir d'éischt Kéier ze filmen. Am Joer 2002 hat déi selwecht Ekipp de Waasserfall entdeckt a vermooss.

Deen héchste Waasserfall ass de Salto del Angel-Waasserfall a Venezuela mat enger Fallhéicht vun 972 Meter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gocta-Waasserfall – Biller, Videoen oder Audiodateien