Godfrey Copley

Vu Wikipedia

De Sir Godfrey Copley, gebuer ëm 1653 a gestuerwen den 9. Abrëll 1709 zu Sprotborough war e räichen englesche Grondbesëtzer. Hien ass bekannt als Stëfter vun der Copley Medail vun der Royal Society.

Liewen a Wierken[änneren | Quelltext änneren]

De Copley war de Jong vun engem Baron an huet op dem Familljelandsëtz zu Sprotborough (South Yorkshire) gelieft. Als räiche Grondbesëtzer huet hie sech e puer Interessië geleescht: Hien huet sech als Konschtsammler betätegt a gouf am Joer 1691 an d'Royal Society zu London gewielt. Vu 1695 un war hie zéng Joer Member vum Parlament. Hie war och Commissioner a Controller of the accounts vun der brittescher Arméi.

Am Joer 1709 huet hien der Royal Society eng grouss Zomm finanziell Mëttele gestallt, déi vun der Society fir e Präis, déi sougenannt Copley Medail (englesch Copley Medal) agesat gëtt. Dës Medail gouf déi bedeitendst Auszeechnung vun der Royal Society fir wëssenschaftlech grouss Leeschtungen a gouf e Virbild fir eng Rei änlech Präisser an aneren Institutiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]