Golan

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Landkart mat de den Golan Héichten
Landkart mat de den Golan Héichten
Golan: Erënnerung un zwéi Kricher
Golan: Erënnerung un zwéi Kricher
Spure vun harde Kämpf: Zerstéiert Bunkeren
Spure vun harde Kämpf: Zerstéiert Bunkeren

D'Golan Héichten (arabësch الجولان al-Dschaulān, hebräësch רמת הגולן Ramat HaGolan), leien am Nordoste vum Jordan, a sinn een ëmstriddene Landstreech tëschent Syrien an Israel. D'Golan Héichte sinn e Plateau mat enger vulkanescher Origine. Si leien tëschent dem Séi Genezareth an der syrescher Haaptstad Damaskus, sinn hiwweleg, schwaach bevëlkert, a net vill wiisst do. Mee si beherrschen dee méi déif geleeënen Dall vum Jordan. An dat ass ee vun de Grënn firwat d'Golanhéichten ëmmer de Mëttelpunkt vum Sträit tëschent Syrien an Israel sinn a waren.
Vëlkerrechtlech gehéiere se zu Syrien, sinn awer 1967 am Sechs Deeg Krich vun Israel eruewert an 1980 annektéiert ginn. Dës Annexioun ass awer ni um internationale Plang unerkannt gi.

Inhaltsverzeechnis

[änneren] Geographesch Kennzeechen

De gréissten Deel vun dësem Gebitt läit op enger Héicht vun 1.000 m iwwer dem Mier, an bedeckt, bei enger Längt vu 60 km an enger Breet vu 25 km, eng Iwwerfläch vun 1.150 km². Den héchste Punkt , de Bierg Hermon, ass 2.814 m héich. D'Haaptstad ass dat syrescht Qunaitra, eng Stad, déi 1967 ganz zerstéiert gouf an nëmme méi deelweis opgebaut ginn ass. Haut hunn sech op de Golanhéichten israelesch Siidler néiergelooss (17.000), wat d'Léisung vun de Problemer ëm de Golan net vereinfacht.

[änneren] D'Geschicht vun zwéin Kricher

Bekannt goufen d'Golanhéichten am 20. Joerhonnert duerch zwéi Kricher: de Sechs Deeg Krich (1967) an de Jom-Kippur-Krich (1973).
Virum Sechs Deeg Krich haten d'Syrer probéiert een Deel vum Waaser vun de Golan Héichten, dat de Séi Genezareth speist a fir d'Opbereedung vu Drenkwaaser benotzt gëtt, ëmzeleeden. Dat huet Israel sech net bidde gelooss.
De Sechs Deeg Krich war e Krich deen Israel géint seng arabesch Nopeschlänner Egypten, Jordanien a Syrien op Provokatiounen vun hinnen hi gefouert huet, an dee mat engem Präventivschlag vun der israelescher Aviatioun agelaut ginn ass. Hien huet 6 Deeg, vum 5. Juni bis zum 10. Juni 1967, gedauert an ass mat der Besetzung vun der Gazasträif an de Golahéichten zu Enn gaangen.
D'Zäitbomm huet awer weidergetickt an där Géigend. Um Ufank vum Jom-Kippur-Krich ass se geplatzt. D' syresch Arméi konnt, ënnerstëtzt vun aneren arabesche Länner, an engem éischten Ulaf d'Golanhéichten erueweren. Am Laf vun enger Géigenattack huet Israel Golanhéichten zréck eruewert. Am Golan huet deemools déi gréisst Panzerschluecht an der Weltgeschicht stattfond. Et stongen 180 israelesch Panzer 1400 feindleche Panzer géigeniwwer, 870 Panzer dervunner, vill Gefierer a Kanoune si verluer gang.
Israel huet dobäi och schwéier Verloschter missen astiechen. Déi deemoleg israelesch Premierministerin Golda Meir ass dunn , well si där Attack net virgegraff hat, ënner staarke politeschen Drock komm an ass am Dezember 1973 zréckgetratt. Si gouf duerch en neie Premierminister, den Jitzchak Rabin am März 1974 ersat.

[änneren] D'Bedeitung vum Golan fir Israel

Fir Israel hunn d'Golanhéichten ëmmer eng Gefor bedeit:

  1. well vun de Golanhéichten aus d'israelech Siidler am Jordan-Dall vun Zäit zu Zäit ënnert de Beschoss vun syreschen Truppen vum Golan aus komm sinn.
  2. Iewer och well Drenkwaaserversuergung vun Israel, aus dem Séi Genesareth duerch d'Ëmleedung vum Waasser aus dem Golan koum, a Fro gestallt konnt ginn.

[änneren] D'Situatioun haut

Israel hält d'Golanhéichten, wou Kräften vun de Vereente Natiounen zënter 1974 stationéiert sinn, fir en Désengagement vun den zwou Parteien sëcherzestellen, haut ëmmer nach besat. D'international Communautéit betruecht se weider als eent vun Israel besate Gebitt an net als israeleschen Territoire. D'Golanhéichte bleiwen e Sträitpunkt, an eng Eenegung tëschent Syrien an Israel gëtt allgemeng als onwahrscheinlech ugekuckt.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools