Goldene Bremm

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Goldene Bremm (fr: La Brême d'Or) ass e Lieu-dit am däitsch -franséische Grenzgebitt, tëscht dem Saarland an dem Museldepartement. Iwwer d'Goldene Bremm féiert déi däitsch Autobunn A6 déi op der Grenz Uschloss un déi franséisch A320 huet, an d'Bundestrooss B41 déi vu Saarbrécken bis op d'Grenz féiert.

Am Franséisch-Preisesche Krich vun 1870-1871 an am Zweete Weltkrich gouf do haart gekämpft, an et gouf do och e Gestapolager, d'Lager Neue Bremm. Dorun erënnert haut e Memorial, d'Gedenkstätte Gestapo-Lager Neue Bremm.