Goldmedail vun der Royal Astronomical Society

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Goldmedail iwwerreecht 1897 un den Asaph Hall

D'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society (op Englesch: Gold Medal of the Royal Astronomical Society) ass deen héchste vun der Royal Astronomical Society iwwerreechte Wëssenschaftspräis.

D'Medail gouf fir d'éischt am Joer 1824 iwwerreecht. Nodeem se an den éischte Jore méi dacks iwwerreecht gouf, gouf se vun 1833 nëmmen nach eemol pro Joer verginn. 1846 entstoung duerch d'Entdeckung vum Neptun e Problem, well vu ville Leit de John Couch Adams wéi och den Urbain Le Verrier als präiswürdeg ugesi goufen. D'Kontrovers gouf 1848 geléist duerch d'Iwwerreeche vun „Unerkennungsmedailen“ un 12 Präisdréier, dorënner den Adams an de Le Verrier. Vun 1849 un, gouf all Joer nëmmen nach mat engem Präis pro Joer weidergefuer. Den Adams an de Le Verrier kruten hir Goldmedailen an de Joren 1866 an 1868.

Zanter 1964 gi meeschtens zwou Goldmedaile verginn, eng ('A') fir Astronomie, Kosmologie, Astrodeelchephysik, Kosmophysik an ähnlech Gebidder, déi aner ('G') fir Geophysik, Sonnephysik, solar-terrestresch Bezéiungen a Planéitefuerschung.

Präisdréier[änneren | Quelltext änneren]

Sëlwermedailen[änneren | Quelltext änneren]

Zweemol goufen och Sëlwermedaile verginn. Dëst gouf awer net weidergefouert.

Unerkennungsmedaile vun 1848[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]