Golf vum Oman

Vu Wikipedia
De Golf vum Oman am Arabesche Mier

De Golf vum Oman ass en Aarm vum Arabesche Mier tëscht dem Oman op der Arabescher Hallefinsel am Südwesten an dem Iran am Norden. En ass tëscht dem Kap al-Hadd am Oman an der Bucht vu Gwadar op der iranesch-pakistanescher Grenz 320 km breet. De Golf huet eng Längt vu 560 km an ass iwwer d'Strooss vun Hormus am Nordweste mam Persesche Golf verbonnen.

Et gëtt Fëscherei am Golf vun Oman bedriwwen, mä seng Haaptfunktioun ass déi als Schëffstransportwee bei d'Regiounen ëm de Persesche Golf, déi Pëtrol produzéieren, a fir déi de Golf vum Oman déi eenzeg Entrée iwwer d'Waasser ass.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Encyclopaedia Britannica: Gulf of Oman (lescht Aktualiséierung: 20. Mee 2014