Golgi-Apparat
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Golgi-Apparat ass eng Organell an den Zelle vun den Eukaryoten a besteet aus enger Rëtsch sougenannten Dictyosomen. Jidder Dictyosom besteet aus meeschtens 4 bis 8 flaachen zouene Säck aus Biomembran.
De Golgi-Apparat spillt eng wichteg Roll an der Exocytos: all Proteinnen déi vun der Zell sekretéiert (ausgescheet) ginn, passéieren duerch dësen Apparat.
Do geschéien posttranslational Modifikatiounen ewéi z.B. Phosphoryléierung an den Tri jee no der Destinatioun vun dem Protein.