Gomeisa (Stär)

Vu Wikipedia
Gomeisa
β Canis Minoris / Algomeyla / Gomelza
Stärebild: Canis Minor (CMi)
Flamsteed-Nummer: 3
Bright Star Catalogue: HR 2845
Henry-Draper-Katalog: HD 58715
SAO-Katalog: SAO 115456

De Gomeisa ass de Stär β Canis Minoris (Beta Canis Minoris) am Stärebild Canis Minor. Den Numm ass arabesch a bedeit "dat Klengt mat den dréiwen Aen".

De Gomeisa ass e blowäissen Zwerg vun der Haaptrei. Seng Effektivtemperatur ass 11.500 Kelvin. Seng Spektralklass ass B (genee B8Ve). Wéinst sengem Spektrum gëtt ugeholl, datt hie genee wéi eis Sonn, am Kär Waasserstoff an Helium verbrennt.

De Gomeisa steet op enger Distanz vun 52,192 Parsec oder zirka 170 Liichtjoer vun eis ewech an huet eng siichtbar Magnitude vu +2,9 mag. Et schéngt en Eenzelstär ouni Begleeder ze sinn.

Koordinaten (Equinoxe 2000)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie