Google Street View
Google Street View ass eng Funktioun vu Google Maps, déi et erlaabt 360° Panorama-Fotoe vu Stroossen oder Gebaier ze maachen. Dës kann een op Google Maps oder Google Earth kucken, an deems ee sech virtuell duerch eng Strooss klickt. D'Gesiichter vu Persounen an d'Immatrikulatiounsplacke vu Gefirer, déi op de Fotoen ze gesi wieren, si virun der Publikatioun onkenntlech gemaach ginn.
[änneren] Zu Lëtzebuerg
Zënter dem Fréijoer 2009 fuere Google-Autoen duerch Lëtzebuerg fir all Strossen an allen Uertschaften ze fotograféieren.[1]
Am Mee 2010 gouf bekannt, datt an Nopeschlänner d'Google-Street-Views-Autoen net nëmme Fotoe gemaach, mee och d'WLAN-Netzer registréiert hunn, an dobäi och Privatdonnéeën, déi iwwert net geschützte Reseauen accessibel waren, ofgespäichert hunn Doropshin huet d'National Dateschutz-Kommissioun d'Knipsereie gestoppt an dat ganzt ënnersicht, well unzehuele gewiescht wier, datt d'Autoen, déi zu Lëtzebuerg ronderëmgefuer sinn, d'selwecht équipéiert waren, an deemno do dat selwecht geschitt wier.[2]
Am Oktober 2010 krut Google da gréng Luucht, fir mam Ofknipse vun den Haiser laanscht d'Stroosse virunzefueren (ouni d'W-LAN-Enregistrementer). Wien net wollt, datt säin Haus spéider op de Sitë vu Google ze gesi sollt sinn, deem gouf ugebueden iwwer eng lëtzebuergesch Etude bei Google eng schrëftlech Oppositioun per Internet oder per Bréif anzeleeën. D'Resultat vun där Knipserei sollt vum Fréijoer 2011 un online ze gesi sinn.[3] Nodeems Google awer ugekënnegt hat, net wéi an Däitschland am Virfeld Oppositiounen zouzeloossen, huet d'National Dateschutz-Kommissioun hinnen d'Autorisatioun nees entzunn an dee ganze lëtzebuergesche Projet läit alt nees op Äis.[4]
[änneren] Um Spaweck
- "La CNPD contrôle une voiture de 'Google Street View'" - Explikatiounen um Site vun der Dateschutzkommissioun (28-09-2010).
| Commons: Google Street View – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ "Umstritten - GoogleStreetView jetzt auch im Großherzogtum?!", journal.lu, 13.05.2009 (Link elo dout)
- ↑ "Datenschützer prüfen Schritte gegen Google: Private E-Mails und Internet-Verkehr gespeichert." wort.lu, 18.05.2010 07:33, aktualiséiert 18.05.2010 10:27.
- ↑ "Google Street View: Elo gëtt nees zu Lëtzebuerg geknippst." rtl.lu, 26.10.2010, 07:41 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.10.2010, 08:57.
- ↑ "CNPD stoppt Google Street View" wort.lu, 05.11.10, 15:40