Gordon J. Garradd

Vu Wikipedia
Gordon J. Garradd
Gebuer 1959
Australien
Nationalitéit Australien
Aktivitéit Astronom


De Gordon John Garradd, gebuer am Joer 1959 ass en australesche Fotograf, Astronom an Asteroidenentdecker.

Tëscht 1993 an 2000 huet hien 29 Asteroiden entdeckt.[1] Doriwwer eraus sti véier Novaen an der Grousser Magellanescher Wollek a 16 Koméiten op senger Entdeckerlëscht.

Hien huet a verschiddenen astronomeschen Instituter an den USA an an Australien geschafft. Zur Zäit schafft hien am Siding Spring Observatoire, wou hien Observatioune vun Äerdnoen Objete mécht.

Den Asteroid (5066) Garradd gouf no him genannt.

Entdeckt Koméiten: 16
Nummer & Numm Entdeckungsdatum Typ
C/2006 L1 (Garradd) 4. Juni 2006 net periodesch
C/2006 O2 (Garradd) 30. Juli 2006 net periodesch
186P/Garradd 25. Januar 2007 periodesch
C/2007 E1 (Garradd) 13. Mäerz 2007 net periodesch
P/2007 H3 (Garradd) 28. Mäerz 2007 periodesch
P/2007 R4 (Garradd) 12. August 2007 periodesch
C/2007 Q1 (Garradd) 21. August 2007 net periodesch
C/2008 E3 (Garradd) 5. Mäerz 2008 net periodesch
C/2008 J5 (Garradd) 13. Mee 2008 net periodesch
P/2008 R1 (Garradd) 15. Juli 2008 periodesch
C/2008 P1 (Garradd) 13. August 2008 net periodesch
C/2008 Q3 (Garradd) 29. Mäerz 2009 net periodesch
C/2009 P1 (Garradd) 13. August 2009 net periodesch
C/2009 U1 (Garradd) 17. Oktober 2009 net periodesch
C/2010 E1 (Garradd) 11. Mäerz 2010 net periodesch
C/2010 H1 (Garradd) 16. Abrëll 2010 net periodesch
De Koméit C/2009 P1 Garradd, Foto vum 24. August 2011 (Richard Schmidt)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Minor Planet Discoverers