Gore Vidal

Vu Wikipedia
Gore Vidal
Pseudonym Edgar Box
Gebuer 3. Oktober 1925
West Point
Gestuerwen 31. Juli 2012
Hollywood Hills
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Dramatiker, Schauspiller, Dréibuchauteur, Romancier, Essayist, Schrëftsteller, Literaturkritiker, Saachbuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller, Politiker, Journalist, Prosaist, Publizist, Auteur
Partei Demokratesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Letters, WGA West

De Gore Vidal, gebuer den 3. Oktober 1925 als Eugene Luther Vidal jr. zu West Point, New York, a gestuerwen den 31. Juli 2012 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Schauspiller a Politiker. Pseudonymmen, ënner deenen en och alt geschriwwen huet, waren Edgar Box, Cameron Kay an Katherine Everard.

De Gore Vidal koum aus enger Politikerfamill; säi Grousspapp Thomas Pryor Gore war US-Senator fir Oklahoma. De Vidal huet sech selwer gär dat „schwarzt Schof“ vun der Gore-Dynastie genannt, well en ëmmer nees d'politesch Verhältnesser an den USA radikal kritiséiert huet (d'USA sinn a sengen Aen e Polizeistaat, wou d'Republikaner an d'Demokraten als Eenheetspartei d'Intressie vun de Grousskonzerner vertriede géifen an d'Medie Propagandainstrumenter wieren), ma och, well en oppen zu senger Homosexualitéit stoung an doriwwer a senge Bicher geschriwwen huet.

Säin éischte Roman, Williwaw (1946) hat e sou e grousse Succès, datt de Vidal 1947/48 a Guatemala an an Europa reese konnt. 1950 ass en op New York City geplënnert, wou en Dréibicher (dorënner, als Coauteur, dat fir de Film Ben Hur, a Broadway-Stécker geschriwwen huet. Visit to a Small Planet gouf bal 400 Mol gespillt.

1960 war en - ouni Succès - Kandidat fir d'Representantenhaus, an 1970 war Matgrënner an ee vun de Presidente vun der linksliberaler People's Party. 1982 war e Kandidat bei de Virwale fir Senator a Kalifornien.

Zanter den 1970er Joren huet hie mat sengm CopagnonHoward Austen haaptsächlech zu Roum an zu Ravello (Italien) gelieft. Wéi dee gestuerwe war, ass en nees an d'USA wunne gaangen, wou en zu Hollywood eng Villa hat.

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

USA Chronik[änneren | Quelltext änneren]

  1. Burr, 1973
  2. Lincoln, 1984
  3. 1876, 1976
  4. Empire, 1987
  5. Hollywood, 1990
  6. Washington D.C., 1967
  7. The Golden Age, 2000

Belletristik[änneren | Quelltext änneren]

  • Williwaw (1946)
  • In a Yellow Wood (1947)
  • The City and the Pillar (1948, iwwerschafft 1965, dt. Geschlossener Kreis 1986)
  • The Season of Comfort (1949)
  • Death before Bedtime (1953, dt. Tod vorm Schlafengehen)
  • Messiah (1954)
  • Julian (1962)
  • Myra Breckinridge (1968)
  • Myron (1974, dt. Die Sirene von Babylon: Myron Breckinridge)
  • Kalki (1978)
  • Creation (1980, dt. Ich Cyrus, Enkel des Zarathustra)
  • Duluth (1983)
  • The Smithsonian Institution (1998)

Theaterstécker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Visit to a Small Planet (1957)
  • Romulus (1962)
  • An Evening with Richard Nixon and … (1972)
  • Gore Vidal's Lincoln (1988)

Filmskripter[änneren | Quelltext änneren]

  • Wedding Breakfast
  • The Catered Affair, (1956)
  • Ben Hur (1959)
  • ' Suddenly Last Summer, 1959)
  • The Best Man (1964)
  • Caligula (1979)
  • Dress Gray (1986)
  • The Sicilian (1987)
  • Billy the Kid (1989)

Sachbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • American Plastics: Über Literatur und Politik (dt. 1986)
  • At Home. Essais (1988)
  • Hollywood (1990)
  • Screening History (1992)
  • Ewiger Krieg für ewigen Frieden. Wie Amerika den Hass erntet, den es gesät hat (2002)
  • Bocksgesang. Antworten auf Fragen vor und nach dem 11. September (2003)
  • Dreaming War. Blood for Oil and the Cheney-Bush Junta (2003)

1995 huet e seng Autobiographie Palimpsest publizéiert, där hiren zweeten Deel Point to Point Navigation 2006 erauskoum.

als Filmschauspiller[änneren | Quelltext änneren]

De Gore Vidal hat Niewerollen a Fellini: Roma vum Federico Fellini, The Player vum Robert Altman, Bob Roberts vum Tim Robbins a Gattaca vum Andrew Niccol. Och an der 2. Episod vun der 5. Staffel vu Family Guy hat em e kuerzen (Stëmm)optrëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gero von Boehm: Gore Vidal. 18. Juni 2001. Interview in: Begegnungen. Menschenbilder aus drei Jahrzehnten. Collection Rolf Heyne, München 2012, ISBN 978-3-89910-443-1, S.545-555
  • Günter Ohnemus: Dieser Liberale schreibt die besten Sätze seiner Generation., in: Die Zeit, 6. Dezember 1996

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gore Vidal – Biller, Videoen oder Audiodateien