Goss

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gosse Stroosseluucht

De Goss ass dat Produkt, wat beim Schmëlze vum Eisenäerz am Héichuewen entsteet.

De Goss huet een héije Kuelestoffgehalt vu 4 bis 5 %, bis zu 3 % Silizium a bis zu 6 % Mangan mat klenge Quantitéite vu Schwiefel a Phosphor.

Dës Zusummesetzung bréngt et mat sech, datt de Goss, wann e kal ass, och ganz sprock ass an doduerch schwéier weider ze verschaffen ass. E kann dann net méi verformt ginn z. B. duerch Walzen oder Schmiden. Et ass och ganz schwéier fir en ze verschweessen.

Wann de Goss brécht kann een entweeder eng wäiss oder gro Brochfläch gesinn. Eng gro Brochfläch ass en Zeechen, datt vill Silizium dran ass. Wa vill Mangan dran ass, da kritt een eng wäiss Brochfläch. Dëse Goss kann, wann en an engem Konverter weiderbehandelt gëtt, zu Stol weiderverschafft ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Goss – Biller, Videoen oder Audiodateien