Gottfried Kirch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Gottfried Kirch

De Gottfried Kirch (Pseudonym: Sibyll Ptolemain, Johann-Friedrich von Rosenfeld, Hipparchus) gebuer den 18. Dezember 1639 zu Guben a gestuerwen de 25. Juli 1710 zu Berlin war Schoulmeeschter, Kalennermécher a kinneklechen Astronom zu Berlin.

Inhaltsverzeechnes

Liewen a Wierk [änneren]

De Gottfried Kirch gouf als Jong vun engem Schungmécher zu Guben gebuer. Fir d'éischt war hie Schoulmeeschter zu Langgrün an Neundorf bei Lobenstein a spéide Astronom zu Coburg, Leipzig an Guben souwéi vun 1700 un zu Berlin. Astronomie hat hien beim Erhard Weigel zu Jena a beim Johannes Hevelius zu Danzeg geléiert. Zënter 1667 huet de Kirch Kalenner publizéiert an huet Teleskope gebaut. 1679 huet hien eng Schrauwemikrometer fir astronomesch Miessunge erfonnt.
Am leschte Véierel vum 17. Joerhonnert war de Kirch dee meeschtgeliesene Kalennermécher an huet zu de féierentsten däitschen Astronomen gehéiert. Hien entdeckt 1680 als éischten e Koméit mat engem Teleskop: Koméit C/1680 V1. 1681 entdeckt hien de Wëllinten Koup, den oppene Stärekoup M 11. 1686 ass hien no Leipzig ëmgezunn. Zesumme mam Bauer an Astronom Christoph Arnold observéiert hien de Koméit vum Joer. Am gläiche Joer huet hien de Mira-Verännerleche χ Cygni fonnt. Vill Zäit huet hien fir d'Observatioun vum Duebelstär Mira verbraucht. Hien huet weider dräi nei nei Stärebiller agefouert, de Räichsapel, dat kurfürstlecht Schwert an dat Sceptrum Brandenburgicum, déi spéider vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) net ugeholl goufen. Beim Arnold hat hien seng zweet Fra Maria Margaretha Winkelmann kennen, déi sech astronomesch Kenntnesser am Eegestudium bäibruecht hat. Bei der kollektiver Observatioun vum Koméit vun 1702 entdeckt hien den kugelfërmege Stärekoup M 5.

Laang Zäit hat hie keng Ustellung krut, sou datt hie säi Liewesënnerhalt duerch Editioune vu Kalennere huet misste verdéngen. Bei de Berechnunge gouf hien vun senger zweeter Fra a sengen eegene Kanner ënnerstëtzt. Zäitweis entwéckelt hien bis zu 13 Kalenner pro Joer, woubäi etlech ënnert engem Pseudonym erauskoumen. Als Beispiller sinn genannt de Chrëschten-, Judden- an Tierke-Kalenner, d'Zigeiner-Kalenner de Sibylla Ptolemaein, einer Zigeierin vun Alexandria aus Egypten, dAstronomesch Wonner-Kalenner, déi Wahrhaftigen Himmels-Boten, dGespenster- an Haushalt-Kalenner vum Johann Friedrich von Rosenfeld / Den Astronomiae Ergebener a vun 1700 un déi verschidden Akademie-Kalenner als kinneklechen Astronom zu Berlin.
Eréischt a leschter Zäit huet een d'Bedeitung vun de Kirchesche Kalennergeschichten fir d'Verbreedung vun der Iddi vun der Fréiopklärung an dem Pietismus a wäite Vollekskreesser erkannt. D'Funktiounen vun den Almanache leien an de Beräicher Orientéierung, Informatioun, Bildung an Ënnerhalung. Dem Kirch seng Kalenner zeechen sech doriwwer eraus duerch d'Matdeelung souwuel eegener wéi och friemer astronomescher Observatiounsresultater aus.

Zënter 1675 hat hien d'Iddi fir d'Grënnung vun enger Astronomischen Societät in Teutschland. Si sollt al Astronomen onofhängeg vun nationaler oder religiéiser Ofstamung oppstoen. No senger Iddi, sollten all Astronomen hir Observatiounen un eng zentral Plaz schécken, wou si dann niddergeschriwwe sollte ginn. - Dës Organisatioun sollt och astronomeschen Observatiounen an Evenementer koordinéieren. Allerdéngs hat hie keng konkret Schrëtte zu enger Grënnung ënnerholl.

1700 gouf hien den éischten Astronom vun der Kurfürstlech-Brandenburgescher Wëssenschaftsgesellschaft déi de Kurfürst Friedrich III. zu Berlin den 10. Mee 1700 gegrënnt hat. Deen ugeglidderte Berliner Observatoire war eng Reaktioun op déi staatlech Observatoiren zu Greenwich, Paräis an St. Petersburg. Fir d'Finanzéierung vun der Akademie hat de Kurfürst hir d'„Kalennerpatent“ (e monopolartegt Privileg fir d'Editioun vu Kalenner) higinn. De Kirch a seng Fra mussten also duerch hir Kalennerrechnungen d'Akademie finanzéieren.

No sengem Doud féiert seng Fra d'Kalennerrechnunge weider. Säi Jong, de Christfried Kirch gouf 1716 Direkter vum Observatoire vun der Berliner Akademie. Wou nom Éischte Schlesesche Krich fir dat katholescht Schlesien Kalenner berechent hu misste ginn, hat d'Akademie dozou seng Duechter Christine (16961782) agestallt. Zënter 1700 gouf et an Däitschland zwou Kalennervarianten: An de katholesche Länner war de Gregorianesche Kalenner, an an de Protestantesche Gebidder de Verbesserte Räichskalenner, dee sech nëmmen an der Berechnung vum Ouschterdatum vun deem aneren ënnerscheet huet.

D'IAU huet de Kirch duerch de Moundkrater Kirch an den Asteroid (6841) Gottfriedkirch geéiert.

Divers Publikatiounen [änneren]

  • Wunderstern am Hals des Walfisches. Leipzig 1678
  • Eilfertiger kurtzer Bericht an einen guten Freund von dem Neuen Cometen dieses 1682. Jahrs. 1682 (Digitalisat)

De Kirch hat ausserdeem a senge Kalennere, den Philosophical Transactions, den Acta Eruditorum an den Miscellanea Berolinensia publizéiert. Seng Opzeechnungen goufen net publizéiert.

Literatur [änneren]

  • Klaus-Dieter Herbst: Der Societätsgedanke bei Gottfried Kirch (1639–1710), untersucht unter Einbeziehung seiner Korrespondenz und Kalender. In: Acta Historica Astronomiae, Vol. 15, 2002, ISBN 3-8171-1686-1, S. 115
  • Klaus-Dieter Herbst: Die Kalender von Gottfried Kirch. In: Acta Historica Astronomiae, Vol. 23, 2004, ISBN 3-8171-1747-7, S. 115
  • Klaus-Dieter Herbst: Die Korrespondenz des Astronomen und Kalendermachers Gottfried Kirch (1639-1710). Briefe 1689-1709. 2006 (550 Säiten).
  • Peter Aufgebauer: Die Astronomenfamilie Kirch (1639–1829). In: Die Sterne (Leipzig) 47 (1971), S. 241–247.
  • Karl-Heinz Karisch: Der Kalender-Macher. Ab der: Berliner Zeitung, 28. September 2010, S. 12.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie