Gouaneyre (Douze)

Vu Wikipedia
D'Gouaneyre ënner der Bréck zu Ginx
D'Gouaneyre beim Moulin de Lestrat

D'Gouaneyre ass eng franseéisch Baach am Departement Landes. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Douze a gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vum Adour.

Hydronymie[änneren | Quelltext änneren]

Den Hydronym kënnt aus dem Latäin aqua nigra an aus dem Gasconeschen aqua negre, 'schwaarzt Waasser'.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Baach huet eng Längt vun 29,9 Kilometer.[1] Si huet hir Quell op dem Territoire vun der Gemeng Lencouacq (Landes), op enger Héicht vun 120 Meter eng ronn 200 Meter westlech vun der Commanderie vu Bessaut.

Se fléisst gréisstendeels vun Norden no Süden a leeft op enger Héicht vu 50 Meter zu Pouydesseaux an d'Douze. Op hirem Laf huet se en ettlech Millerieder gedriwwen, dovun der fënnef eleng an der Gemeng Lencouacq. Vun e puer sinn nach d'Reschter ze gesinn, déi meeschtens iwwer der Baach stinn an deenen hiert Rad ënnerschächteg an engem Verwëllef ënner dem Gebai ugedriwwe gouf. Haut fënnt ee laanscht Baach en ettlech Fëschziichtereien, déi wéinst dem ville Sand deen d'Gouaneyre transportéiert mat speziellen Dekantatiounsbasengen a -systemer ekipéiert sinn.

Op hirem Laf fléisst se duerch zwéi Kantonen a sechs Gemengen, an zwar:

Se huet zwéi kleng Nieweflëss, de Ruisseau de Lucpaoumé an de Ruisseau de Lajus.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche um SANDRE