Gouschtengen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gouschtengen
Kierchtuerm vu Gouschtengen
Kierchtuerm vu Gouschtengen
An anere
Sproochen:
fr: Gostingen
de: Gostingen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Gréiwemaacher
Kanton: Gréiwemaacher
Gemeng: Coat of arms flaxweiler luxbrg.png Fluessweller
Buergermeeschter: Théo Weirich
Awunner Uertschaft: 365
(2003)
Koordinaten: 49° 37' 20" N
06° 21' 14" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Gouschtengen, oder wéi aner Awunner soen, Gouschteng, ass eng Uertschaft an der Gemeng Fluessweller. Déi Gouschtenger hunn de Spëtznumm Bounepatscherten.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Gouschteng läit an engem Säitendall vun der Musel.

D'Duerf ass staark vun der Topographie markéiert, mat Héichtenënnerscheeder bis zu 30 Meter. Sou läit am Nordwesten den Härebierg an am Süden de Spreetbierg.

Duerch Gouschteng fléisst d'Gouschtengerbaach, déi bei Éinen an d'Musel leeft.

Struktur vum Duerf [änneren]

Gouschteng ass eng Mëschung tëschent Ronnduerf a Stroossenduerf.

Am Zentrum vum Duerf ronderem d'Kierch ass Gouschteng ee Ronnduerf, wat ee virun allem vun deene liicht gekrëmmte Stroossen erkennt, déi d'Kierch als Mëttelpunkt hunn. Am Duerfkär ass d'Bebauungsdicht grouss an dowéinst ginn et hei seele Gäert bei den Haiser. Fréier haten déi meescht Haiser hir Gäert baussent dem Duerf. D'Kierch steet op der Kräizung vun de 4 Haaptstroossen wou mat der Zäit eng ëffentlech Plaz entstanen ass.

D'Kierch gouf 1859 um fréiere Kierfecht, dee vun den éischte fränkesche Siidler ugeluecht gi war, gebaut an 1897 vergréissert. Den Duerfkär léisst op eng fréimëttelalterlech bzw. mëttelalterlech Struktur schléissen, wat vun den Hausnimm Haff, Scheier, Keller, Millesch bestätegt gëtt.

Geschicht [änneren]

Als eelste Bewäis fir eng Uertschaft ass ee Beil aus Steen, dee bis an d'Jongsteenzäit oder den Ufank vun der Bronzezäit zréckgeet. Deen ass op engem Stéck no bei Gouschteng fonnt ginn.

Während dem 2. an 3. Joerhonnert stoung no beim haitegen Duerfkär e gallo-réimeschen Haff. Ob dësem Haff gouf, wéi op all aneren Häff vun där Zäit Véizuucht an Akerbau bedriwwen an d'Haaptprodukter waren Uebst, Geméis, Woll, Lieder a fir d'Muselgéigend typesch de Wäin. Déi Aart a Weis fir Akerbau a Véizuucht ze bedreiwen huet bis an d'Mëttelalter an Neizäit d'Géigend markéiert.

Mat de Germanenafäll gouf de gallo-réimeschen Haff zerstéiert, wat dee fréist-méiglechen Zäitpunkt ass, wou sech d'Franken op der Plaz vum haitege Gouschteng usidele konnten. Déi Fränkesch Siidler hunn d'Leit um Härebierg begruewen, mam Gesiicht géint Oste gedréint. Mat dem Chrëschtentum awer gouf domat opgehalen an et ass ee Kierfecht an eng Kapell entstanen. Den Uertschaftsnumm mat senger Endung op –ingen (Gostingen) huet e germanesch-fränkeschen Ursprong.

Ëm 800 ernimmt en Dokument e Besëtz vun der Abtei Iechternach zou "Gottingamora" (nom Camille Wampach verweist dësen Numm op Gouschteng).

Ëm 1200 féiert de Lehnsregëster vun der Tréierer Abtei Sankt Maximin salescht Land zu "Gozdinge".

1305 gëtt an engem Dokument prezis festgehalen, wat "Goysdingin" den Tréierer Doumhären ofzeginn huet.

Nom Visitatiounsbericht vu 1570 gëtt et zou Gouschteng eng Hl. Kräizkapell.

1635 zielt Gouschteng 32 Stéit. Denen hier Zuel ass awer, nom Feierstätteverzeechnes vun 1656, duerch Krich a Pescht, op 7 Stéit zréckgaangen.

Vu 1766 si Wéngerten zou Gouschteng nozeweisen. De Wäibau erlieft ee groussen Opschwong vun 1880 un.

1800 gehéiert Gouschteng mat Beyren, Uewer- an Nidderdonven zur Gemeng Fluesweiler.

1808 gëtt Gouschteng, dat virdrun zur Par Lennengen gehéiert huet, eng eegestänneg Par, an zwar zesumme mat de Filiale Beyren a Kapenacker.

Kuckeswäertes [änneren]

Kuckeswäert ass Duerf selwer mä och d'Feldweeër ronderëm Gouschteng, wou ee spadséiere goe kann. Besonnesch interessant sinn d'Weeër laanscht d'Wéngerten, wou een d'Fauna an d'Flora vun den alen Dréchemauere gesi kann.

Eng Kräizegungsgrupp aus dem Joer 1812 steet an der Kapell lénks niewend der Kierch an der rue Bildgen.

An der Kierch si faarweg Glasfënstere vum Ufank vum 20. Joerhonnert. Si stellen d'Liewe vu Maria duer. Am Chouer gesäit ee Freske vum Gerhard Lamers iwwer d'biblesch Gestalte Melchisedek an Abraham.

Um Kierfecht erënnert ee Monument aus dem Joer 1949 un 8 Jongen, déi am Zweete Weltkrich hiert Liewe fir d'Heemecht hu misse loossen.

Ëffentlecht Liewen [änneren]

Zu Gouschteng ginn et 8 Veräiner, déi d'Liewen zu Gouschteng mat ënnerschiddleche Festivitéiten an Aktivitéite gestalten.

Dat sinn:

  • Chorale Ste Cécile Gostingen, gegrënnt 1871
  • Pomjeen Gouschteng, gegrënnt 1905
  • Gaart an Heem Gouschteng-Beyren (ass 1936 schonn ernimmt ginn, zënter 1955 ginn et awer eréischt Ënnerlagen)
  • Fanfare Gouschteng-Beyren, gegrënnt 1947
  • Spuerveräin "Eng heemlech Mouck", gegrënnt 1961
  • DT Sporting 72 Gostingen, gegrënnt 1972
  • Club des Jeunes Gouschteng a.s.b.l. gegrënnt 1987
  • Spillkëscht DUMBO gegrënnt 1995

1967 ass d'Entente des Sociétés de Gostingen gegrënnt ginn, déi als Aufgab huet, de Veräinssall ze verwalten an d'Aktivitéite vun de Veräiner ze koordinéieren.

Infrastruktur [änneren]

  • D'"Schoul", déi fréier als Primärschoul an dono als Spillschoul benotzt gouf. Elo steet d'Gebai deenen verschiddene Klibb als Übungsraum a Clubraum zur Verfügung
  • Kläranlag
  • Veräinsbau

Perséinlechkeeten [änneren]

Fir ze liesen [änneren]

  • Chorale Ste Cécile Gostingen. 1871-1971
  • 125. Anniversaire Chorale Ste Cécile Gouschténg. 1871-1996
  • 50 Joer Musek zu Gouschténg. 1947-1997
  • Gouschtenger Jubiläumsbuch. D'Geschicht vum Duerf a senge Leit, Lëtzebuerg 2005
  • Reinert, Georges: Beiträge zur Geschichte der Ortschaft und der Flur in: Centenaire des sapeurs-pompiers Gostingen : 1905 - 2005. - Gostingen : Sapeurs-pompiers ; 2005. - P. 73-92, ill.
  • Weirich, Guy: Kirchenbau in Gostingen, in: Chorale Ste Cécile Gostingen, 1971, S. 48-54, ill.
  • Weirich, Guy: Momentaufnahmen aus dem Zweiten Weltkrieg, in: 125. Anniversaire Chorale Ste Cécile Gouschténg, 1996, S. 45-96, ill.
  • Weirich, Guy: Des Führers unfreiwillige Mannen. Erlebnisse von Zwangsrekrutierten, in: 50 Joer Musek zu Gouschténg, 1997, S. 111-151, ill.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]