Gräinskapell
D'Gräinskapell, och ënner dem Numm Quirinuskapell bekannt läit ënner der Aler Bréck um rietsen Uwänner vun der Péitruss.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Als "bal" geséchert gëllt, datt dës Hielekierch, déi déi Zäit zu der Par Hollerech gehéiert huet, fir Masse benotzt gouf. D'Gräinskapell gouf ënnerhale vun den Däitschritter, déi zënter 1249 an der Tilleschgaass gewunnt haten. Ëm 1355 hunn si déi gotesch Fassad gebaut, déi haut nach erhalen ass. Vun hinne staamt och d'Däitschhärekräiz, dat iwwer der Paart agemeesselt ass. Riets dovun ass den oppene Priedegtstull ze gesinn. Den Daach an de Klackentuerm goufen 1885 restauréiert.
Bannent der Kapell ass eng Duebelhiel, eng kleng Sakristei an eng Nisch mam Altor.
Den Hellege Quirinus war zënter dem 11. Joerhonnert de Schutzpatroun vun der Festung, zënter 1455 och vun der Stad Lëtzebuerg. 1666 gouf en an där Fonctioun vun de Jesuiten duerch d'Tréischterin am Leed ersat.
Quirinusquell [änneren]
Bei der Kapell ass eng Quell, där hirem Waasser joerhonnertelaang Heelwierkungen, besonnesch géint Hautkränkten an Eeterwonnen, nogesot goufen [1]. Als éischt gouf se beim Alexander Wiltheim 1655 ernimmt. Bei enger chemescher Analys am Joer 1900 gouf festgestallt, datt näischt Extraes am Waasser ze fanne wier.[2]
Literatur [änneren]
- Arendt, K., 1906. St. Quirin und die hl. drei Jungfrauen : eine kunstarchäologische Skizze. 16 S., St. Paulus-Ges., Luxemburg.
- Dumont, Jean, 1952. Sources sacrées dans le Luxembourg. pp. 196–202. Extrait de l’Annuaire de l’Institut grand-ducal, section de linguistique, de folklore et de toponymie, Luxembourg.
- Klein, Jean-Baptiste, 1867. Leben und Leiden der heiligen Märtyrer Quirinus, Firminus, Ferreolus und der heiligen drei Jungfrauen, welche in der St. Quirinus-Kapelle bei Luxemburg verehrt werden (Nebst einem Anhang über den Gebrauch des St. Quirinus-Wassers und einer St. Quirinus-Messe). 96 S., Gebr. Heintze, Luxemburg.
- Massard, Jos. A., 1985. Wunder in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1986: 127-135. Luxemburg. PDF (882 kB)
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Gräinskapell – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Fotoalbum [änneren]
-
Gräinskapell, gemoolt vum Prosper Friob