Grégoire-Joseph Chapuis

Vu Wikipedia
Grégoire-Joseph Chapuis
Gebuer 11. Abrëll 1761
Verviers
Gestuerwen 2. Januar 1794
Verviers
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Prënzbistum Léck
Aktivitéit Politiker, Dokter

De Grégoire-Joseph Chapuis, gebuer zu Verviers am deemolge Fürstentum Léck den 11. Abrëll 1761 a gestuerwen den 2. Januar 1794, war e belschen Dokter, Philosoph a Politiker.

Hie war den éischten Dokter deen an der Belsch e Keeserschnëtt gemaach huet.

De Chapuis, dee sech staark fir d'Ausbildung vun der Aarbechterklass agesat huet, war an der Zäit vun der franséischer Revolutioun Officier de l'état civil zu Verviers. Hien huet sech besonnesch fir d'zivilt Bestietnes an der Belsch agesat, an dat éischt war den 22. Februar 1793. Wéi am Duerchernee vun där Zäit de Prënzbëschof Méan mat Hëllef vun de Éisträicher nees eng kuerz Zäit un d'Rudder koum, gouf de Chapuis festgeholl an zum Doud verurteelt.

Hie gouf den 2. Januar 1794 zu Verviers op der Place des Récollets (haut Place du Martyr) higeriicht.

Op där Plaz krut hien 1880 e Monument opgeriicht. Um Sockel vum Monument steet: "mort pour l'indépendance du pouvoir civil". De Chapuis war vun do un d'Symbol vun de Fräidenker. D'Skulptur ass sou ausgeriicht datt de Chapuis, op dat Haus kuckt an deem a viru sengem Doud geschafft huet.