Gréider

Vu Wikipedia
E Gréider bei der Aarbecht

E Gréider, aus dem Englesche grader, ass eng Baumaschinn déi benotzt gëtt fir grouss Flächen exakt ze planéieren.

Gréideren hu meeschten dräi Achsen. Dovu sinn der zwou um hënneschten Deel beieneen, a si sinn nom Tandemachsesystem montéiert mat enger Spezialophänkung déi vu sech aus schonn kleng Bossen iwwer dem Fueren op d'Hallschent vum Héichtenënnersched deen e bei enger Eenzelachs hätt, reduzéiert. De Motor an d'Kabinn fir de Chauffer sinn iwwer der hënneschter Achs. Déi drëtt Achs, also déi viischt, ass d'Steierachs.

Tëscht der viischter an den hënneschten Achsen ass en Dréikranz ënner deem d'Schëld montéiert ass. Dëst Schëld ka bei de meeschte Gréideren ëm 360° gedréint ginn. Iwwer en hydaulesche System kann och den Ustellwénkel an der vertikaler Linn verstallt ginn. Iwwer eng Schinn déi iwwer den Dréikranz am Niveau verstallt ka ginn, kann et och zur Säit aus, no riets oder lénks iwwer den normale Gabarit erausgefuer ginn, an et ka praktesch bis zu engem 90° Wénkel zu der Fuerrichtung gedréint ginn.

Den Achsestand bei engem Grader ass relativ grouss sou datt Knubbelen, déi en Héichtenënnerscheed op der hënneschter oder viischter Achs erbäiféieren, an der Mëtt op ee Minimum reduzéiert ginn.

D'Direktiounsgestell op der viischter Achs ass sou gebaut, datt de Grader sech an enger Kéier liicht zur bannenzeger Säit vun der Kéier senkt, a sou automatesch d'Iwwerhéijung vun der Kéier mécht, ouni dat d'Schëld dofir muss regléiert ginn.

Produzente vu Gréideren[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Grader – Biller, Videoen oder Audiodateien