Gréngewald

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Gréngewald ass e Bësch am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg op engem Plateau deen am Schnëtt 350 Meter héich läit. Déi héchst Plaz ass um Lieu-dit Laangtmuer laanscht d'Iechternacherstrooss mat 425 Meter. De Gréngewald besteet zum gréissten Deel aus Bichebësch, an d'Verjéngung ass natierlech, dat heescht datt den Nowuess aus Som vun den ale Beem geschitt. Nëmmen an aussergewéinleche Fäll wéi z. B. no de Stierm Daria, Vivian a Wiebke vun uganks 1990, oder soss enger Kalamitéit gëtt geplanzt.

Et ass dat gréisst Stéck Bësch zu Lëtzebuerg, dat uneneenhänkt. D'Réngelbaach an d'Schetzelbaach aus deenen d'Wäiss Iernz entsteet, an d'Kriibsebaach an d'Iernsterbaach aus deenen d'Schwaarz Iernz entsteet, hunn do hir Quellen, an och Drénkwaasser gëtt do ofgezaapt, well de Buedem aus Sandsteen en natierleche Filter ass.

Um westleche Bord vum Gréngewald, no bei Walfer, leien d'Raschpëtzer, en ënnerierdeschen Aquedukt-System aus der Réimerzäit.

Als Staatsbësch ass de Gréngewald d'Géigestéck zum Bambësch, deen der Stad Lëtzebuerg gehéiert.

Bemierkenswäert Plazen am Gréngewald[änneren | Quelltext änneren]

Transaktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Am 19. Joerhonnert war de Gréngewald 2.623 ha grouss, haut nach 2.500 ha. Den hollännesche Kinnek-Groussherzog Wëllem II. hat am Joer 1845 dem Staat 669 ha Bësch ofkaaft. Déi Vente war vun der Chamber decidéiert ginn, fir dem Staat Suen eranzebréngen, déi et erméigleche sollten d'Stroossennetz am Land ze verbesseren, a gläichzäiteg d'Aarbechtslosegkeet, déi déi Zäit grouss war ze bekämpfen.

Nodeem den Haff no an no Stécker vum Gréngewald dobäi kaaft hat, huet de Staat am Mäerz 1934, no engem Vote vun der Chamber 776,12 ha zréckkaaft, fir de Präis vun enger 20 Millioune Frang. Déi Suen hunn dozou gedéngt, den Ënnerhalt vum Haff ze bezuelen.

Am Juli 2006 gouf bekannt, datt de Grand-Duc géif iwwerleeën, deen Deel vum Gréngewald, deen a sengem Besëtz war, ze verkafen. Dëse Projet gouf am September vum selwechte Joer fale gelooss, ë. a., well de Staat net genuch Budgetsmëttelen hat, fir en opzekafen. Dofir gouf sech awer gëeenegt, datt de Staat soll en Deel vun de Käschte vum Entretien vum Grand-Duc sengem Terrain iwwerhuelen. Am Géigenzuch wier dësen zu bestëmmte Joreszäiten der Allgemengheet zougänglech.

2007 gehéieren dem Haff nach 850 ha am Gréngewald.

Bei Geleeënheet vun enger parlamentarescher Ufro vun den ADR-Deputéiert Gaston Gibéryen a Robert Mehlen huet de Premierminister Jean-Claude Juncker uganks Februar 2007 detailléiert Renseignementer ginn iwwer d'Tauschoperatiounen tëscht dem Haff an dem Staat, déi an der Vergaangenheet munnech Rumeure mat sech bruecht haten.

De Gréngewald an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]