Gradnetz

Vu Wikipedia
Breetekrees
Längtekrees

E Gradnetz déngt dozou Punkten op enger Rotatiounsfläch (z. B. Kugel oder Ellipsoid) eendeiteg festzeleeën.

D'Gradnetz op der Kugel[änneren | Quelltext änneren]

Änlech wéi op der Fläch e rechtwénklecht Koordinatesystem definéiert ka ginn, kann een och op der Kugeluewerfläch ee Gitter definéieren. Dëst besteet aus:

  • Breetekreesser: Kreesser, déi parallel zu der Equatorfläch vun der Kugel verlafen. Een dovun ass den Equator selwer (e Grousskrees), déi aner leie parallel dozou no Norden a Süde prolongéiert a ginn ëmmer méi kleng op der Kugel.
  • Längtekreesser: Déi verlafen all vu Pol zu Pol. Domat sinn all d'Längtekreesser Grousskreesser. Ausserdeem sti se vertikal op alle Breetekreesser.

Viraussetzung ass, datt d'Polen an de Mëttelpunkt vun der Äerd bekannt sinn.

Breeten- a Längtekreesser ginn a Grade gezielt:

  • Breetekreesser fänke bei null Grad um Equator un, no Norden a Süden (all Kéier 90°)
  • Längtegrade fänke bei engem festgeluechte Nullmeridian un, no Westen an Osten (all Kéier 180°).

Déi Zielmethod gläicht den an der Mathematik allgemeng normale Kugelkoordinaten. Ausserdeem huet se de Virdeel, datt s'onofhängeg vum Kugelradius ass. Duerch Angab vu Längt a Breet ass jiddwer Punkt op der Kugel eendeiteg definéiert.

D'Gradnetz op der Kaart[änneren | Quelltext änneren]

D'Gradnetz vun der Äerd ka bei der Hierstellung vun enger Landkaart mat op der flaacher Kaart duergestallt ginn. An Ofhängegkeet vun der gewielter Kaarteprojektioun gëtt e Gradnetz als Quadrat, Rechteck, Trapez oder Sektor vun engem Kreesrank gewisen.

Amplaz vum Gradnetz kann op Kaarten och en anert Koordinatesystem als Gitternetz agedroe ginn a fir Uertsplaze gebraucht ginn. Sou gëtt z. B. vum Militär dat sougenannten UTM-Gitter (MGRS) gebraucht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]