Graf vum Onbekannten Zaldot
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Zeremonie zu Moskau virum Graf vum Onbekannten Zaldot 2005.
E sougenanntent Graf vum Onbekannten Zaldot ass eng Kommemoratiounsplaz fir gefalen Zaldoten, deenen hir stierflech Iwwerreschter net identifizéiert konnte ginn.
D'Traditioun ass nom Éischte Weltkrich opkomm, wou duerch den Asaz vu Massenzerstéierungswaffen vun de Läiche vun ettlechen Zaldoten esou gutt wéi näischt méi erëmzefanne war. Fir eng Plaz ze hunn, wou ee sech u si erënnere kann, goufen den 11. November 1920 zu Paräis beim Arc de triomphe an zu London, an der Westminster Abbey, e Graf mat den stierflechen Iwwerreschter vun engem Zaldot, deen net identifizéiert konnt ginn, ageweit.
Zënterhier ginn et an enger ganzer Rëtsch Länner esou Griewer.
| Commons: Unknown Soldier – Biller, Videoen oder Audiodateien |