Granatstär

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Granatstär ass eng Bezeechnung fir de Stär μ Cephei (My Cephei) am Stärebild Cepheus.

Den Numm "Granatstär" staamt vum däitsch-briteschen Astronom Wilhelm Herschel, well den μ Cephei opgrond vu senger Spektralklass M2 granatrout erschéngt. Den μ Cephei ass e verännerleche Stär an de Prototyp vun der My-Cephei-Stäre-Klass .

Et ass en hallefregelméisseg verännerleche Stär a seng Hellegkeet variéiert variéiert ouni erkennbar Period tëscht +3,62m a +3,91m. Seng Distanz zu eiser Äerd läit bei ronn 5.200 Liichtjoer.

Koordinaten Equinoxe J2000.0:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Granatstär – Biller, Videoen oder Audiodateien