Grand-Place (Bréissel)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Verschidden Zonfthaiser

D'Bréisseler Grand-Place, op hollännesch Grote Markt, ass d'historesch Zentralplaz vu Bréissel. Si ass eenheetlech am flämesche Barock gebaut a steet zanter 1998 op der Unesco­lëscht vun der Weltkulturierfschaft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grand-Place ass déi gréisst Plaz vum mëttelalterleche Bréissel. Do steet d'Stadhaus, an do gëtt zanter Joerhonnerten regelméisseg e Maart ofgehalen.

1523 goufen hei déi éischt Protestanten, den Henri Voes an den Jean Van Eschen duerch d'spuenesch Inquisitioun verbrannt. An och d'Grofen Egmont an Horne, déi den Opstand géint de Felipe II. vu Spuenien geleet hunn, goufe 1568 hei gekäppt.

Den 13. August 1695 goufen déi meescht Haiser op der Plaz, vun deenen der vill aus Holz waren, zerstéiert, nodeem déi franséisch Arméi ënner dem Maréchal de Villeroy d'Stad bombardéiert (an dann eruewert) hat. Just den Tuerm vum Stadhaus (deen eng gutt Zilscheif fir Kanoune war) a soss e puer Maueren aus Stee blouwe stoen. D'Haiser ronderem d'Plaz goufen awer all bannent e puer Joer, des Kéier aus Steen, vun den Zënft nees opgebaut, déi an engems dovu profitéiert hunn, domat hirem Räichtum an hirer Muecht Ausdrock ze ginn. Am alen Zonfthaus vun de Brauer ass hautdesdaags e Brauereimusée.

D'Stadhaus

D'Stadhaus[änneren | Quelltext änneren]

D'Stadhaus gouf tëscht 1402 a 1455 am spéitgotesche Stil gebaut. Den Tuerm, dee vum Architekt Jan Van Ruysbroeck ass, huet op senger Spëtzt eng Statu vum Hellege Méchel, dem Patréiner vu Bréissel, wéi e géint den Draach gewënnt.

Maison du Roi/Brodhuis

Maison du Roi/Brodhuis[änneren | Quelltext änneren]

D'Maison du Roi war zanter dem 12. Joerhonnert en hëlzent Haus, an deem Brout verkaaft gouf (dofir säin hollänneschen Numm). Am 15. Joerhonnert gouf et duerch en Haus aus Steen ersat, wouran d'Verwaltung vum Herzogtum Brabant hire Sëtz hat. 1873 gouf d'Haus am neogotesche Stil renovéiert. Haut ass do e Musée dran, an deem ë. a. dem Manneke Pis seng honnerte vu Kostümen ausgestallt sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grand Place (Brussels) – Biller, Videoen oder Audiodateien