Grand-Slam-Turnéier

Vu Wikipedia

E Grand-Slam-Turnéier ass dee gréissten Turnéier am Tennis dee gespillt gëtt. E gëtt véiermol am Joer a verschiddene Stied gespillt.

Déi véier Turnéier, d'Australian Open, d'French Open, d'Wimbledon Championships an d'US Open, sinn och déi nom Präisgeld an no de Weltranglëschtepunkten, nieft de Masters, déi am héchsten dotéiert Turnéier vum Joer.

All Grand-Slam-Turnéier gëtt am Verlaf vun zwou Wochen am K.O.-System allkéiers fir Männer a fir Fraen, am Eenzel, Duebel a Mixed, ausgedroen.

Grand-Slam-Turnéier
Turnéier Stad Entstanen Gëtt gespillt am Belag
Australian Open Melbourne 1905 Januar op haardem Belag
French Open Paräis 1891 Mee/Juni Sand
Wimbledon London 1877 Juni/Juli Gras
US Open New York 1881 Aug./Sept. op haardem Belag

Grand-Slam-Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

De Grand-Slam ze gewannen ass fir en Tennisspiller dee gréissten Erfolleg deen en maache kann. An den Eenzel-Turnéier ass dëst bis elo eréischt fënnef verschiddene Spiller gelongen. Am Duebel sinn d'Gewënn nach méi rar. Enger Fra ass et bis elo gelongen e Golden Slam ze gewannen.

Grand-Slam-Gewënner
Joer Nationalitéit(en) Numm Turnéier
1938 USAUSA Don Budge Häreneenzel
1951 AustraliaAustralia/AustraliaAustralia Frank Sedgman, Ken McGregor Härenduebel
1953 USAUSA Maureen Connolly Dameneenzel
1962 AustraliaAustralia Rod Laver Häreneenzel
1963 AustraliaAustralia/AustraliaAustralia Margaret Smith Court, Ken Fletcher Mixed
1969 AustraliaAustralia Rod Laver Häreneenzel
1970 AustraliaAustralia Margaret Smith Court Dameneenzel
1984 USAUSA/USAUSA Martina Navrátilová, Pam Shriver Damenduebel
1988 GermanyGermany Steffi Graf Dameneenzel (Golden Slam)

En eenzele Spiller oder zwéi Spiller am Duebel déi déi véier Turnéier an engem Joer gewannen, hunn de Grand-Slam-Tournoi gewonnen. Wa se véier Turnéier hannerenee gewannen awer net am selwechte Joer hu si en Non-Calendar Year Grand Slam gewonnen. Wann e Spiller déi véier Turnéier am Laf vu senger Karriär gewënnt, nennt een dat en Career Grand Slam. Wann e Spiller dräi vun deene véier Turnéier gewënnt, nennt een dat e Small Slam.

E Golden Slam gëtt inoffiziell de Gewënn vun alle véier Grand-Slam-Turnéier an den Tournoi bei den Olympesche Spiller genannt. Bis elo ass et just der Tennisspillerin Steffi Graf 1988 gelongen.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grande Slam (tennis) – Biller, Videoen oder Audiodateien