Grand Guignol
| Dës Säit beschäftegt sech mat dem Theater Grand Guignol. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Grand Guignol (Homonymie). |
De Grand Guignol war e franséischen Theater, dee sech op makaber a bluddeg Horrorspektakle spezialiséiert hat. Haut gëtt dee Begrëff och gebraucht fir ganz allgemeng onmoralesch oder iwwerdriwwe grotesk-trivial Horrorënnerhalung ze bezeechnen.
Inhaltsverzeechnes |
Den Theater [änneren]
De Le Théâtre du Grand-Guignol gouf 1897 vum Oscar Méténier gegrënnt a war zu Paräis am Pigalle-Quartier situéiert, an enger fréirer Kapell (20 bis, rue Chaptal). Ugaangs hunn d'Stécker ëm Persounen aus den ënneschte soziale Schichte gedréint, iwwer déi et sech net geschéckt huet eppes ze weisen.
Direkt d'Joer drop gouf den Theater vum Max Maurey iwwerholl, deen op méi staark Schockeffekter gesat huet, ë. a. mat bluddege Metzleschoffäll. Seng grouss Entdeckung, den André de Lorde, huet tëscht 1901 an 1926 eng Abberzuel kuerz Stécker geschriwwen iwwert d'Gefore vun Haushaltsgeräter, d'Leide vun Onschëllegen, Kannermuerd, Geckegkeet an d'sech rächen. Et goufen och sexuell Farcë gespillt, bei deenen d'ganz Spannung dodra bestong erauszefannen op se och bluddeg endege wäerten.
De 5. Januar 1963 sinn d'Dieren definitiv zougaangen, well d'Konkurrenz vum Kino schlussendlech awer ze grouss war.
Ausgerechnet am Kino ass den Theater awer och zu Éire komm, ë. a. am Neil Jordan sengem Blockbuster vun 1994 Interview with the Vampire: The Vampire Chronicles.
Direkteren [änneren]
- 1897-1898: Oscar Méténier
- 1898-1914: Max Maurey
- 1914-1930: Camille Choisy
- 1930-1937: Jack Jouvin
- 1937-1962: Charles Nonon
Literatur [änneren]
- Bäitrag vum Axel "Maerz" Estein an: Thomas Gaschler & Eckhard Vollmar, "Dark Stars"; Belleville, München 1992
- Mel Gordon: The Grand Guignol: Theatre of Fear and Terror. Da Capo Press, 1997
- Richard Hand a Michael Wilson: Grand-Guignol: The French Theatre of Horror. University of Exeter Press, 2002