Grand Prix Nicolas-Frantz

Vu Wikipedia

De Grand Prix Nicolas-Frantz war eng international Vëloscourse vun engem Dag fir Dammen, déi 2010 an 2011 zu Lëtzebuerg gefuer gouf. De Grand Prix Nicolas-Frantz an de Grand Prix Elsy-Jacobs sinn zanter dem Joer 2012 duerch de Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy-Jacobs ersat ginn.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Oplo vun der Course gouf ënner dem Numm Grand Prix Mameranus den 2. Mee 2010 zu Mamer an Ëmgéigend disputéiert a war bei der UCI an der an der Klass 1.2 agestuuft. Deen Numm vun der Course huet sech op den Haffdichter Nicolaus Mameranus bezunn, deen am Joer 1500 zu Mamer gebuer gouf. D'Course mat Depart an Arrivée zu Mamer gouf iwwer eng Gesamtdistanz vun 110,9 km disputéiert. 2011 gouf d'Course ënner dem Numm Grand Prix Nicolas-Frantz gefuer, an der Klass 1.1 agestuuft. Den Numm vun der Course huet un den Nicolas Frantz, Gewënner vum Tour de France 1927 an 1928 erënnert.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Joer 1 2 3
2010 SWESWE Emma Johansson USAUSA Evelyn Stevens BELBEL Corine Hierckens
2011 NEDNED Marianne Vos GERGER Judith Arndt SWESWE Emma Johansson