Grande Peur

Vu Wikipedia
Illustratioun vun der Grande Peur (Paräis, Musée Carnavalet).

D'Grande Peur (Grouss Angscht) war eng populär Beweegung a Frankräich um Ufank vun der Franséischer Revolutioun, vum 20. Juli bis 6. August 1789. Bei der Landbevëlkerung goufe sech Rumeuren erzielt, datt den Adel Brigangen ugestallt hätt, fir géint d'Bauere virzegoen, an hir Dierfer a Felder ze zerstéieren. Als Äntwert dorop hunn d'Baueren hir Mëschtgafele gepak, a si géint hir adeleg Häre gezunn, hu Schlässer geplëmmt, an Dokumenter mat de feudale Rechter verbrannt.

Ursprong[änneren | Quelltext änneren]

D'Grande Peur ass an der Provënz zustan komm, aus enger Mëschung tëscht Rumeure vun engem aristokratesche Komplott an den Neiegkeeten, déi vu Paräis komm sinn, wou et drënner an driwwer gaangen ass (Stuerm op d'Bastille, Ballhauseed...). Sou gouf sech ënner der Landbevëlkerung erzielt, datt d'Adeleger Brigangen agestallt hätten, fir sech am Land ronderëm ze dreiwen, an d'Kar, wat nach gréng war, ofzeschneiden, soudatt näischt méi fir d'Baueren iwwereg wie. Dëst ass d'Iddi vum Aristrokratesche Komplott. Ausserdeem gouf gegleeft, datt d'adeleg Proprietären d'Kar géifen huelen, fir et zu engem Héchstpräis ze verkafen. D'Angscht virun dëse Brigangen huet sech séier verbreet, an et koum zu simultane Revolten: an der Franche-Comté ass d'Panik ausgebrach, wéi et zu enger Polferexplosioun am Schlass vu Quincey bei Vesoul komm ass; an der Champagne gouf de Stëbs, deen d'Schof op der Strooss hannerlooss hunn, fir dee vun Zaldote gehalen; am Beauvaisis (Maine) ; an der Regioun vun Nantes a vu Ruffec goufe souguer Patere fir Banditte gehalen.

Onrouen[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerall a Frankräich koum et zu Opstänn, Attentater, a Bränn: zu Marseille, zu Lyon, zu Grenobel, zu Stroossbuerg, zu Rennes, zu Saint-Malo, zu Le Havre, zu Dijon, mä och an de klengen Dierfer um Land, wéi zum Beispill am Mâconnais, wou d'Proprietéite vun de Grondhäre vun de Baueren zerstéiert goufen. D'Landbevëlkerung huet sech Waffe gesicht, a Milize gegrënnt, fir sech besser géint d'Brigange wieren ze kënnen, mä och fir Schlässer an Abteien z'iwwerfalen, wou si d'Kar geklaut an d'Archiver verbrannt hunn. Zu Ruffec huet sech d'"Angscht" zum Beispill séier verbreet: lass goung et den 28. Juli 1789 a vu Ruffec aus weider an den Norden op Civray a Châtellerault, am Westen op Saintes, am Osten op Confolens a Montluçon, an am Süde Richtung Angoulême, Limoges, Cahors, Brive (30. Juli), Montauban (31. Juli), Toulouse a Rodez (1. August), Lombez (2. August), Pamiers, Saint-Girons, Saint-Gaudens (3. August), Foix an Tarbes (5. August). Verschidde Regioune sinn awer och komplett verschount bliwwen: d'Bretagne, den Elsass an de Languedoc.

An der Aquitaine, déi den Honnertjärege Krich matgemaach hat, krut d'Angscht den Numm Peur des Anglais.

E Curé vu Prayssas huet iwwer d'Grande Peur geschriwwen:

"Le dernier du mois de juillet 1789 jour de vendredi à dix heures du soir, il y eut dans la parroisse grande alerte occasionnée par la peur des Anglois avec lesquels nous étions en paix, et qu'on disoit être au nombre de dix mille hommes, tantôt au bois du Feuga, tantôt à St-Pastou, à Clairac, à Lacépède et ailleurs. On sonnoit le tocsin de touttes parts depuis huit heures du soir. Les gens sages n'en crurent rien, et on ne sonna icy qu'au jour; l'alarme fut grande jusqu'à onze heures avant midi. Sur l'envoy consécutif de trois émissaires de Lacépède qui demandoit du secours pour Clairac menacé - disoient-ils - par dix mille brigands, les nôtres y furent, armés de fusils, des faulx et des broches. Arrivés à Lacépède ils apprirent que touts les bruits étaient sans fondement. L'alarme s'étoit répandue progressivement, à Bordeaux pendant la nuit de mercredi à jeudi, à Condom le vendredi à midi. A Agen le jeudi soir à 9 heures on sonna le tocsin dans toute la ville où s'étaient rendus de toutes parts quinze mille hommes en armes. Tout fut calme à Agen vers une heure après minuit. En 1690, même alarme dans l'Agenois le 20 aout jour de dimanche sous la dénomination de peur des Huguenots."

D'Baueren, nodeem si bis hir Waffen haten, hunn allerdéngs keng Brigange fonnt. Si si weider bei d'Schlässer gezunn, an hunn no den ale Charte gefuerdert, wou d'feudal Rechter opgeschriwwe waren, fir dës ze verbrennen. Si haten an hire Cahiers de doléances d'Ofschafung vun dëse Rechter gefrot. Si sinn deelweis souguer sou wäit gaangen, al Härenhaiser a Brand ze stiechen. De Curé vu Bissy-la-Mâconnaise war Zeie wéi d'Schlass vu Lugny a Flamen opgaangen ass:

"La flamme était si grande entre une et deux heures de la nuit que j'aurais pu lire à ma fenêtre à la lueur du feu. Dans vingt-quatre heures ce château bien meublé fut tout pillé et brûlé ; on ne vit plus que des cheminées en l'air et des murs calcinés par le feu ou noircis par la fumée ; il n'y resta rien, pas même des gonds."

D'Opstänneg hu sech selwer an den Adlegen Angscht gemaach. De Georges Lefebvre beschreift fënnef Richtungen a sengem Wierk La Grande peur de 1789. Dës verschidde Couranten hu sech net wierklech ofgeschwat, si waren duerch gemeinsam Ziler animéiert. Duerch d'Grande Peur koum et zu enger bewaffenter antifeudaler Revolt. D'Schlässer goufe verbrannt fir der Assemblée hire Wonsch kloer ze maachen: d'Ofschafe vun der Feudalitéit. Fir déi Revolt op en Enn ze bréngen, huet d'Assemblée an der Nuecht vum 4. August d'Ofschafe vun de Privileegien dekretéiert.

Laut der Mary Matossian soll och de Mammekär, deen dacks am Miel zu där Zäit ze fanne war, an dee gär Halluzinatiounen ervirrifft, eng Roll an der Grande Peur gespillt hunn[1].

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Albert Goodwin, The French Revolution, Hutchinson Univ. Library, London, 1970. (ISBN 0091050219)
  • Peter M. Jones, The Peasantry and the French Revolution, Cambridge, 1988.
  • Mary Kilbourne Matossian, Poisons of the Past: Molds, Epidemics, and History, Yale, New Haven, 1989. (ISBN 0-300-05121-2)
  • Édouard Forestié, La Grande peur de 1789, P. Masson, Montauban, 1910.
  • Georges Lefebvre, La Grande peur de 1789, A. Brulliard, Saint-Dizier, 1957.
  • Henri Diné, La Grande peur de 1789 en Poitou, B. Royer, Paräis, 1989. (ISBN 9782-9501444-5-4)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Mary Kilbourne Matossian, Poisons of the Past: Molds, Epidemics, and History