Grandidier-Baobab

Vu Wikipedia
Adansonia grandidieri
Adansonia grandidieri
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Malvales
Famill Bombacaceae
Gattung Adansonia
Aart Grandidier-Baobab
Wëssenschaftlechen Numm
Adansonia grandidieri
Henri Ernest Baillon, 1888

De Grandidier-Baobab (Adansonia grandidieri) ass eng Bamaart aus der Famill vun de Bombacaceae (no der klassescher Klassifikatioun, oder aus där vun de Malvaceae (Phylogeneetesch Klassifikatioun).

Et ass déi gréisst vun de sechs Baobabaarten, déi op Madagaskar endeemesch sinn. Eenzel Exemplare kënne bis zu 30 m héich ginn an en Ëmfang vu 7,5 m erreechen[1]. D'Aart steet op der Rouder Lëscht vun de vum Ausstierwe bedreeten Aarte vun der UICN. Wäit bekannt ass d'Adansonia grandidieri wéinst enger Allee dovu bei Morondava, op der Westküst vu Madagaskar.

De Bam gouf nom franséizsche Botaniker an Entdeckungsreesenden Alfred Grandidier (1836-1921) genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adansonia grandidieri – Biller, Videoen oder Audiodateien
E Grandidier-Baobab (Adansonia grandidieri)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hilary Bradt: Madagascar. The Bradt Travel Guide. Bradt Travel Guides Nr. 11, 2011, S.43. ISBN 1841623415}}